Mëtt Oktober huet d’Lucie Majerus beim Gemengesyndikat PRO-SUD ugefaangen. Dem Lucie seng Aufgab sinn d’Koordinatioun an d’Organisatioun vum MiNELL, dem Minett Natur an Ëmwelt Léier Lab.
Am Kader vum MiNELL goufen dëst Joer schonn eng Partie Manifestatiounen fir de breede Public, fir Enseignanten an och Schoulkanner organiséiert. Nächst Joer wäerten dës Aktivitéiten ausgebaut ginn.
Fir méi iwwert de ganze Projet gewuer ze ginn, stelle mär dem Lucie haut 3 Froen.
Wat genee ass d’Iddi hannert dem Projet MiNELL?
De Minett Natur an Ëmwelt Léierlab probéiert d’Natur an Ëmweltwëssenschaften an den Naturschutz verschiddene Public cible nozebréngen. Vun Schoulausflich mat Wëssenschaftler, iwwer Formatioune fir d’Léierpersonal, Aktivitéite fir Erwuessener a villes méi.
Gëtt et schonn éischt Projeten oder konkret Aktivitéite fir 2023, déi feststinn?
2023 gëtt eng néi Editioun vum Youth Forum ofgehalen, Formatioune fir d’Léierpersonal iwwer Käfer a wëll Orchidee stinn um Plang, den Arboretum zu Rëmeleng gëtt zesumme mat zwou Grondschoulklassen opgewäert an am Lycée Guillaume Kroll start en Projet iwwer Biodiversitéit am urbane Raum.
Wann ee sech ëm Natur- an Ëmweltedukatioun këmmert, muss ee jo och eng Relatioun zur Natur hunn. Wat huet dech motivéiert fir e Biosphärereservat schaffen ze wëllen?
Säit ech opgewuess sinn, ass d’Natur ëmmer en wichtege Bestanddeel vu mengem Liewen: eng Ressource fir sech ze erhuelen an eng Platz vu Schéinheet. Säit dräi Joer hunn ech och zesumme mat engem Grupp Frënn en Kommunitéitsgaart opgebaut wou mer biologescht Geméis ubauen. Hautdesdaags ass et méi wéi jee wichteg fir eis Natur ze schützen an et erfëllt mech wann ech mech berufflech dofir asetze kann.
De ganze Programm vun den Aktivitéiten, déi d’Minett UNESCO Biosphere am Kader vum MiNELL-Programm 2023 proposéiert, gëtt am Januar virgestallt.