Mission Zéro Carbone Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

EuroMAB 2022

Meeting vun de Biosphärereservater aus Europa an Nordamerika

Vum 12. bis de 16. September hat de Biosphärenpark Nockberge am éisträichesche Bundesland Kärnten Delegatiounen aus allen UNESCO Biosphären aus Europa an Nordamerika invitéiert. Duerch d’Pandemie war dës Reunioun, déi schonn 2021 hätt solle sinn, op dëse September geréckelt ginn.

Ronn 200 Delegéierten aus 27 verschiddene Länner sinn an der leschter Woch zu Bad Kleinkirchheim zesummekomm, fir an enger Rei vu ganz interessante Workshops zesummen iwwer wichteg Probleemer vun de verschiddene Biosphärereservater ze diskutéieren.

Eng ganz Panoplie un ënnerschiddlechen Theemen ass am Kader vum dësem EuroMAB-Kongress abordéiert ginn. Esou gouf et Atelieren, déi vun der Valorisatioun vu lokale Produiten, iwwert demographesch Erausfuerderungen an den Challenge vun der Klimakatastroph, bis bei d’Ënnerstëtzung an den Opbau vun nohaltegem Tourismus an alternativ Finanzéierungsméiglechkeete fir Biosphärereservater, déi kaum oder keng ëffentlech Gelder kréien, gaange sinn.

D’Minett UNESCO Biosphere, dat eenzegt Lëtzebuergescht Biosphärereservat, war mat enger Delegatioun, déi aus dräi Persoune bestanen huet an den Nockberge vertrueden. An Éisträich gefuer waren d’Simone Beck, d’Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun, d’Gaëlle Tavernier, Managerin vum der Minetter Biosphär an de Yann Logelin, Chargé de Communication vum Biosphärereservat.

© PRO-SUD / Gaëlle Tavernier / Yann Logelin

Fir déi alleréischte Kéier war och e Jugendforum integrale Bestanddeel vum Meeting vun den europäeschen an nordamerikanesche Biosphärereservater. Jonk Participanten aus verschiddene Länner hunn den diversen Atelieren deelgeholl, hunn awer och en eegene Fuerderungskatalog zesummegestallt. Mat dësem soll eng besser Abannung vu jonke Leit aus de verschiddene Biosphären an d’Entwécklung vun hiren Territoiren an d’Zukunft vum „Man and the Biosphere“-Programm vun der UNESCO garantéiert ginn. Lëtzebuerg war hei duerch d’Hana Prosser an d’Serena Boukelmoun vertrueden, déi allebéid am Laf vum leschte Joer als Volontairinne fir d’Minett UNESCO Biosphere geschafft haten an och um éischte Jugendforum, Beyouthsphere, deen am Fréijoer zu Lasauvage war, deelgeholl haten.

Nodeems Éisträich dëse Kongress, deen zënter 1986 reegelméisseg organiséiert gëtt, als éischt Land fir eng zweete Kéier organiséiere konnt, wäert déi nächst Versammlung vun der UNESCO-Biosphären aus Europa an Nordamerika 2024 an Däitschland organiséiert ginn.