Leschte Sonndegmoien huet sech e Grupp vun Natur- a Vullefrënn, bei schéinster Sonn, Rendezvous gi gehat fir d’Bëschléierche kennenzeléieren. De Jan Herr (ANF) ass mat eis duerch d’Naturschutzgebitt vum Lalléngerbierg getrëppelt, fir eis d’Erausfuerderunge beim Schutz vu menacéierten Aarten an déi aktiv Gestioun vun de Schutzgebitter aus eisem Biosphärereservat méi no ze bréngen.
Kennt dir den Ausdrock “wéi eng Muedeléinche kräischen”? Et ass eng nostalgesch Stëmm, déi sech an den Himmel iwwert de Minett erhieft. Tatsächlech ass d’Lullula Arborea Deel vun enger ethnescher Minoritéit an zënter 1979 ass de Villchen duerch en nationaalt Gesetz geschützt. An der gudder Joreszäit kënnt d’Bëschléierchen aus Südeuropa zeréck an eis Géigenden (Hei sinn d’Deeg méi laang ewéi am Süden, esou datt de Villche méi Zäit huet fir op d’Juegd ze goen a sech ëm säin Nowuess ze këmmeren). Enn Mäerz ass den idealen Zäitpunkt, fir de Männche sangen ze héieren. Esou fënnt de Männche säi Weibchen, wat duerno zwee Mol am Laf vum Joer bréit: am Fréijoer an am Summer. Well d’Nascht um Buedem gebaut gëtt, ass d’Muedeléinchen ufälleg fir natierlech Friessfeinden ewéi Fuuss, Wisel oder Wëllkaz, gëtt allerdéngs och vum Mënsch gestéiert, wann dësen a grousser Unzuel an de Schutzgebitter ënnerwee ass, net op de Weeër bleift oder seng Muppen net an der Léngt hält.
© Ann-Kathrin Wirth
Am ganze Land gëtt et ronn 30 Koppelen, eng 25 dovunner am Minett. D’Landschaft vun den alen Dagebaugebitter an den Trockenrasen sinn e besonnesch gudde Liewensraum fir de brong-gesträifte Villchen. Doriwwer eraus mussen eis Reservater aktiv duerch d’Naturverwaltung bewirtschaft ginn, duerch d’Ofdroe vum Buedem bis op de plakege Steen, zum Beispill. Dës Mesure schaaft oppe Liewensraum mat wéineg Vegetatioun, dee wichteg ass fir déi aussergewéinlech Biodiversitéit vun eiser Regioun.
Mir konnten d’Bëschléierche beim Fléien am Naturschutzgebitt gesinn an den Naturfotograf vum Grupp konnt en esouguer knipsen.
Dräimol am Joer kënnt en Expert mat engem Hautparleur laanscht, dee säi Gesang iwwerdréit an den Här Lulu äntwert deen Ament. Och dir kënnt en nach héieren, wann déi lescht Singelen elo am Abrëll nach no engem Weibche sichen. Dir kënnt de Gesang vun der Bëschléierchen awer och hei eroflueden.