Mission Zéro Carbone Pädagogische Aktivitäten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Obst aus Minetter Obstgärten
arrow
quote quote

Éischte Joresdag vun der Minett UNESCO Biosphere

E Samschdeg huet d’Minett UNESCO Biosphere, an der Téitenger Schungfabrik, mat ronn 70 Gäscht hiren éischte Joresdag gefeiert. No der offizieller Zeremonie gouf et nach e labbert Mëttegiesse mat „Minetter Schof“ aus de fréieren Dagebaugebitter.

© Ann-Kathrin Wirth

Ugefaangen huet den offiziellen Deel vum Programm mat der Begréissung vun de Gäscht duerch de Buergermeeschter vun der Gemeng Käl-Téiteng, John Lorent, duerno hunn d’Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun, Simone Beck, an d’Präsidentin vum Gemengesyndikat PRO-SUD, Anouk Boever Thill, an hiren Interventiounen d’Entstoen an dat éischt Joer vun der Biosphärereserv thematiséiert. An engem Videomessage vun der UNESCO vu Paräis huet d‘Coordinatrice vum EuroMAB-Netzwierk, Meriem Bouamrane, de Wäert vun der Minett UNESCO Biosphere fir de weltwäite Reseau vu Biosphärereservater ënnerstrach, well am Minett eng enorm Biodiversitéit no engem massive mënschlechen Agrëff an d’Natur entstanen ass.

© Hana Prosser / PRO-SUD & Ann-Kathrin Wirth

D’Ëmweltministesch, Carole Dieschbourg, huet an hirer Ried d’Wichtegkeet vum Schutz vun der Biodiversitéit an de fréieren Dagebaugebitter ënnerstrach an den Engagement vun hirem Ministère am Schutz vun dëse Flächen ervirgehuewen.

Am zweeten Deel vun der offizieller Zeremonie hunn d’Partner vun der Minett UNESCO Biosphere hir gemeinsam Projeten a Kollaboratioune mam Biosphärereservat virgestallt an d’Wichtegkeet vun dëser gemeinsamer Zesummenaarbecht fir d’Regioun ënnerstrach. D’Projeten déi hei, méi am Detail, gewise goufen, kommen aus der Beräicher Ëmwelterzéiung, Naturwëssenschaften, Tourismus a Kultur. Dat sinn alles Beräicher an deenen d’Minett UNESCO Biosphere Mënsch a Natur op eng aktiv Manéier nees zesummeféiere wëll.

© Ann-Kathrin Wirth

Nom offiziellen Deel vun der Zeremonie ass et mat engem Networking-Lunch viugaangen. Hei sinn d’Festivitéite vun der Ernennung zum Biosphärereservat vum Minett, déi am leschte Joer duerch d’Pandemie kuerzfristeg annuléiert goufen, nogeholl ginn. A labberer Atmosphär ass e Patt zesumme geholl an duerno och nach zesumme giess ginn.

© Hana Prosser / PRO-SUD & Ann-Kathrin Wirth

Um Menü stoung e Couscous mat „Minetter Schof“, also mat deene Schof, déi am Summer als Biodiversitéitstaxi a biologesch Méimaschinnen an den ale Minetter Dagebaugebitter ënnerwee sinn. Musikalesch begleet gouf dësen Deel vum Gebuertsdagsfest vun der Band Itinerantes, déi den éischte Gebuertsdag vun der Minett UNESCO Biosphere musikalesch ausklénge gelooss hunn.

© Hana Prosser / PRO-SUD & Ann-Kathrin Wirth