ℹ️ Wärmepumpe - eine umweltfreundliche Lösung, die für jeden zugänglich ist 🚶 MINETT TRAIL - 90 km Wanderweg durch unser Biosphärenreservat 🍒 Tutti Frutti - Gratis Obst aus Minetter Obstgärten
arrow
quote quote

Climate Change

Understand. Reflect. Empathise. Act

Haut huet den IPCC den éischten Deel vu sengem 6. Rapport iwwert de Klimachangement publizéiert. An dësem Rapport warnen d’Fuerscher vum UNO-Weltklimarot op en Neits virun de Konsequenzen, déi den Ausstouss vun CO2 an eis Atmosphär no sech zéie kann.

Bild vum Gerd Altmann op www.pixabay.com

Eng vun de Konklusiounen aus Rapport ass, datt d’Klamme vun der weltwäiter Duerchschnëttstemperatur riicht viru geet. D’Zil, wat d’Staategemeinschaft sech mam Klimaaccord vu Paräis ginn hat, den Ustig vun den Temperaturen op däitlech ënner 2 Grad par Rapport zur Duerchschnëttstemperatur virun der Industrialiséierung ze limitéieren, schéngt a Gefor ze sinn. Eng weltwäit Temperaturhausse vun 1,5 Grad an der Moyenne kéint schonn Uganks vum nächste Joerzéngt erreecht sinn. Spéitstens 2040 awer soll dëse Wäert iwwerschratt ginn. An hirem leschte Rapport waren d’Klimafuerscher nach dovunner ausgaangen, datt et bis 2052 dauere kéint, éier dëse Wäert erreecht géif ginn.

Ëm sou méi wichteg schéngt et, datt jiddereen iwwert de Klimachangement a seng Konsequenzen informéiert gëtt. An deem Kontext ass en Online-Cours, deen de „Mahatma Ghandi Institute for Peace and Saustainable Development“ vun der UNESCO proposéiert, méi ewéi interessant.

 

Source: https://mgiep.unesco.org/

An dësem Online-Cours, deen 20 Stonnen dauert, kann ee méi iwwert de Klimachangement a méiglech Konsequenze vun dësem op Natur, Ëmwelt awer och op déi mënschlech Gesellschaft gewuer ginn.

De Cours ass op Englesch an adresséiert sech u Jonker iwwer 13 Joer, awer och un Enseignanten aus der ganzer Welt a soll der jonker Generatioun e wëssenschaftlech-fachleche Background vermëttelen, fir aktiv géint de Klimachangement virzegoen.

Bild vum Hermann Traub op www.pixabay.com

Méi Informatiounen iwwert de Cours, fannt dir an dësem PDF (op Englesch) an dir kënnt iech hei umellen, fir de Cours selwer ze beleeën. Nëmme wann elo gehandelt gëtt, kënnen déi uergste Konsequenze vum Klimachangement (Hëtztwellen, Dréchenten, Bëschbränn, d’Verschwanne vu wäertvollen Ökosystemer,… ) nach verhënnert, oder op mannst limitéiert, ginn.