ℹ️ Wärmepumpe - eine umweltfreundliche Lösung, die für jeden zugänglich ist 🚶 MINETT TRAIL - 90 km Wanderweg durch unser Biosphärenreservat 🍒 Tutti Frutti - Gratis Obst aus Minetter Obstgärten
arrow
quote quote

Koralleriffer am Minett

De Samschdeg, 4. September a Sonndeg, 5. September organiséieren den Natur- & Geopark Mëllerdall an d’Minett UNESCO Biosphere gemeinsam déi éischt Editioun vun den „Geoheritage Days“.

Et geet drëm de geschützten oder schützenswäerte geologesche Patrimoine vun dësen zwou Regiounen ze weisen. Op déi Manéier soll méi Bewosstsinn fir dëse Patrimoine entstoen, dee fir Lëtzebuerg an iwwert d’Grenze vum Land eraus a béide Regiounen eenzegaarteg ass. D’Manifestatiounen am Mëllerdall si Samschdes, déi an der Minett UNESCO Biosphere Sonndes programméiert.

Um Sonndeg Nomëtteg proposéiere mir iech eng Visitt, déi esou net all Dag méiglech ass. Mir invitéieren iech an d’Carrière vun der Entreprise Cimalux, déi zum Deel um Territoire vun der Gemeng Rëmeleng, zum Deel um Territoire vun der franséischer Grenzgemeng Ëtteng läit.

Dës Carrière, an där nach bis op mannst 2035 wäert aktiv geschafft ginn, ass normalerweis net fir Visitten zougänglech. Et ass awer eng Plaz an där, virun allem no Sprengungen ëmmer nees spektakulär Fossilië kënne fonnt ginn.

Fir dës Visitt, déi d’Minett UNESCO Biosphere an Zesummenaarbecht mam naturmusée an den Amis de la Géologie, de la Minéralogie et de la Paléontologie du Luxembourg proposéiert, maachen déi Responsabel vum Steebroch awer eng Ausnam.

De Rendezvous fir d‘Visitt ass de Sonndeg, 5. September um 14:00 beim Musée National des Mines zu Rëmeleng, déi iech en Helm zur Verfügung stellen. Dësen, genee ewéi eng Schutzvest, wéi een se am Auto huet, si Flicht fir däerfen an de Steebroch ze goen.

Op der Plaz selwer gëtt d’Visitt da vum Professer Bernard Lathuilière gefouert. De Bernard Lathuilière ass Professer op der Université de Lorraine zu Nanzeg. Säi Fachberäich ass d’Fuerschung iwwer d’Paleontologie an d‘Paleoekologie vu Korallen aus dem Zäitalter vum Jura, déi hie weltwäit analyséiert. Dës Liewewiesen si relativ wéineg erfuerscht, kënnen awer vill nei Erkenntnisser iwwer d’Welt vu deemools liwweren.

Zënter 2014 huet hien den ORAGE Projet (Observatoire régional des affleurements géologiques de Lorraine) implementéiert, en participative Wëssenschaftsprojet fir jiddereen, deen dëse gemeinsame geologesche Patrimoine kenneléiere wëll. Et ass e Projet, deen ewéi de Rëmelenger Steebroch, iwwer d’Grenze vun der Lorraine erausgeet.

De Professer Lathuilière wäert op dëser Visitt vu ronn zwou Stonnen eng ganz Rei Erklärungen iwwert déi verschidde Liewensraim, déi sech un den Ofbrochkante vum Steebroch weise ginn. Hie wäert déi verschidde geologesch Epochen an deenen d’Steng an der Rëmelenger Carrière entstane sinn erklären a sécher deem engen oder anere Participant vun der Visitt Loscht ginn iwwert eng Memberschaft bei der AGMP an Zukunft selwer zum Fossiliësammler ze ginn.

Andeems dir op dëse Link klickt, kënnt dir iech elo schonn umellen, fir de 5. September dobäi ze sinn. Wichteg ass just, datt dir fest Schong unditt an eng individuell Sécherheetsvest aus dem Auto dobäihutt. Dir kënnt och en Helm matbréngen, dee kann iech awer vum Musée National des Mines geléint ginn. A wann dir gesi wëllt, wat ee mam richtege Bléck an e bësse Chance zu Rëmeleng u Fossilië ka fannen, dat kuckt de Reportage vun RTL, deen am Kader vum Summermagazin den 10. August diffuséiert ginn ass.