UNESCO, Industriekultur a liewegt Ierwen am Minett
Wat verbënnt déi fréier Minnen- a Stolindustrie am Minett, d’Biodiversitéit an eisen Naturschutzgebidder an Traditioune wéi de Bärbelendag? Si sinn all Deel vun engem kulturellen an natierlechen Ierwen, dat eis Regioun präägt an hir eng eenzegaarteg Identitéit gëtt. Mä wéi kann een dëst Ierwen erhalen a gläichzäiteg d’Zukunft gestalten?
Am 55. Episod vum Minett Mash-Up begréisse mir d’Simone Beck, Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun. Mat hir schwätze mir iwwer d’Roll vun der UNESCO, d’Entwécklung vun der Minett UNESCO Biosphere an d’Bedeitung vum industriellen an immaterielle Kulturierwen. Dobäi geet et och ëm d’Fro, wéi Natur, Kultur a mënschlech Aktivitéiten an enger Regioun wéi dem Minett zesummebruecht kënne ginn.
Eis „Minett Location“ vum Mount: den Ellergronn
Fir dësen Episod si mir am Naturschutzzentrum Ellergronn zu Esch-Uelzecht op Besuch. De fréiere Minièresite ass haut eng Plaz, wou d’Industriegeschicht an d’Natur op eng besonnesch Manéier zesummekommen. Et ass eng vun de Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere, déi hei och hir Büroen huet.
Den Ellergronn steet beispillhaft fir d’Transformatioun vum Minett. Wou fréier Eisenäerz ofgebaut gouf, hunn sech haut wäertvoll Liewensraim fir Déieren a Planzen entwéckelt. Gläichzäiteg erënneren déi erhale Gebaier an déi industriell Spueren un d’Aarbecht an d’Liewe vu Generatiounen, déi dës Regioun gepräägt hunn.
Dës Verbindung tëscht industrieller Vergaangenheet an natierlecher Entwécklung ass och ee vun de Grënn, firwat de Minett 2020 als éischt UNESCO-Biosphärereservat vu Lëtzebuerg unerkannt gouf.
Eise Gaascht: Simone Beck
D’Simone Beck ass zënter 2015 Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun an engagéiert sech fir d’Valoriséierung vum kulturellen an natierlechen Ierwen.
Am Gespréich erkläre mir, wat d’UNESCO eigentlech mécht a wéi hir verschidde Programmer funktionéieren. Nieft dem bekannten UNESCO-Weltkulturierwe geet et dobäi och ëm d’Weltdokumenten-Ierwen, dat immateriellt Kulturierwen an de wëssenschaftleche Programm „Man and the Biosphere“, zu deem d’Minett UNESCO Biosphere gehéiert.
E besonnesche Schwéierpunkt läit op der Roll vun de Biosphärereservater. Si sinn net nëmmen Naturschutzgebidder, mee och Modellregioune fir nohalteg Entwécklung, an deenen de Schutz vun der Biodiversitéit, d’Zesummeliewe vun de Mënschen an d’Fuerschung matenee verbonne ginn.
Mir schwätzen och iwwer d’Entwécklung vun der Minett UNESCO Biosphere, déi vum Gemengesyndikat PRO-SUD mat sengen 11 Membergemenge geréiert gëtt. En anert grousst Thema ass d’Industriekultur. Mat der Simone Beck diskutéiere mir, wéi déi industriell Vergaangenheet d’Identitéit vum Minett gepräägt huet a wéi fréier Industrieanlagen, Traditiounen an Aarbechtswëssen zu enger Ressource fir d’Zukunft kënne ginn. Dobäi kucke mir och op d’Konzept vum Centre national de la culture industrielle (CNCI).
Schliisslech geet et ëm dat immateriellt Kulturierwen. Traditioune wéi de Bärbelendag oder d’Wanderschéiferei weisen, datt Patrimoine net nëmmen aus Gebaier an Objeten besteet, mee och aus Wëssen, Bräich a Fäegkeeten, déi vu Generatioun zu Generatioun weidergi ginn. Wéi kann een dës Traditioune lieweg halen, och wann déi ursprénglech Beruffer verschwannen oder sech staark veränneren?
![]() |
![]() |
![]() |
© Minett UNESCO Biosphere
Eise Quiz
Wéi vill UNESCO-Biosphärereservater ginn et weltwäit?
- 612 an 109 Länner
- 783 an 132 Länner
- 797 an 145 Länner
A wéi engem Joer gouf de Bärbelendag op déi national Lëscht vum immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg opgeholl?
- 2020
- 2022
- 2023
Eng UNESCO-Biosphärereservat huet dräi Haaptfunktiounen. Nieft dem Schutz vun der Biodiversitéit an der nohalteger Entwécklung gëtt et nach eng drëtt. Wéi eng?
- Déi touristesch Erschléissung vum ganzen Territoire
- D’Ënnerstëtzung vu Fuerschung, Bildung, Formatioun an Ëmweltmonitoring
- D’Zertifizéierung vu lokale Betriber no UNESCO-Krittären
Links bei d’Sujete vun dësem Episod
- UNESCO – Organisatioun vun de Vereenten Natioune fir Bildung, Wëssenschaft a Kultur.
- Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun – Informatiounen iwwer d’UNESCO an hir Vertriedung zu Lëtzebuerg.
- UNESCO-Weltkultur- a Weltnaturierwen – International Lëscht vu Kultur- an Natursitte mat aussergewéinlechem universellem Wäert.
- UNESCO-Weltdokumenten-Ierwen – Programm „Memory of the World“ fir den Erhalt vum dokumentaresche Patrimoine.
- UNESCO-Weltlëscht vum immaterielle Kulturierwen – International Unerkennung vu liewegen Traditiounen, Bräich a kulturelle Praktiken.
- UNESCO „Man and the Biosphere“-Programm – Wëssenschaftleche Programm fir eng nohalteg Bezéiung tëscht Mënsch an Natur.
- Minett UNESCO Biosphere – Offiziellt UNESCO-Profil vum éischte Lëtzebuerger Biosphärereservat.
- Roberto Traversini – Ex-Buergermeeschter vun Déifferdeng, ënnert deem senger PRO-SUD-Presidence de Minett zum Biosphärereservat gouf
- Kandidatursdossier vun der Minett UNESCO Biosphere
- MiNELL – Den Ëmweltedukatiounsprogramm vun der Minett UNESCO Biosphere
- Musée de l‘Ardoise de Martelange – Kanidat fir den zweete Site vum Weltkulturierwen zu Lëtzebuerg ze ginn
- Rout Lëns – Industriefriche zu Esch-Uelzecht, déi aktuell vun engem privaten Investor an en neie Stadquartier ëmgewandelt gëtt
- Gebléishal – Industriepatrimoine um Belval, deen op eng Reaffektatioun waart
- Belval – Quartier vun Esch-Uelzecht a Bieles, deen op engem Deel vun der Schmelz Esch-Belval entstanen ass
- Minett Mash-Up mam Carlo Pallucca – Podcast-Episod iwwer déi lescht Schicht um Héichuewe B
- Konzept vum CNCI – Vun der Iddi bei de Centre National de la Culture Industrielle
- Giele Botter – Kärzon vun der Minett UNESCO Biosphere tëscht Péiteng an Nidderkuer
- Tëtelbierg – Fréier keltesch Siidlung an der Noperschaft vum Giele Botter
- Restaurant „Bei der Giedel“ – Traditionnelle Bistro vun de Mineuren am Fond-de-Gras
- Immateriellt Kulturierwen zu Lëtzebuerg – Offiziell Websäit vum Kulturministère
- Bärbelendag – Immateriellt Kulturierwen am Minett
- Wanderschéiferei – Immateriellt Weltkulturierwen, wat och am Minett praktizéiert gëtt
- Iechternacher Sprangpressessioun – Éischt Lëtzebuerger Inscriptioun op der Weltlëscht vum immaterielle Kulturierwen
- Biosfera Castro Verde – Biosphärereservat a Portugal
- Riserva della Biosfera CollinaPo – Urbaant Biosphärereservat an Italien
- Région de Biosphère de Québec – Urbaant Biosphärereservat a Kanada
Kontaktéiert eis:
![]() |
![]() |
![]() |





