Lokal Produiten, einfach zougänglech an no bei Iech: Mam Pilotprojet „Minett Liewensmëttelpunkt“ wëllen d’Minett UNESCO Biosphere – déi vum Syndikat PRO-SUD geréiert gëtt – an d’Stad Déifferdeng en neie Wee ausprobéieren, fir d’Produzenten an d’Awunner vum eenzege Biosphärereservat zu Lëtzebuerg méi no beieneen ze bréngen.
© Lisa Friederes / Syndicat Nordstad
D’Konzept
Eng automatiséiert Verkafsplaz fir lokal Produiten, déi 24 Stonnen op 24 a 7 Deeg op 7 zougänglech ass an op enger Initiativ baséiert, déi schonn zu Waarken an der Nordstad ëmgesat gouf. D’Zil ass et, den Zougang zu regionale Produiten ze vereinfachen an de Produzente gläichzäiteg eng zousätzlech Ofsazméiglechkeet ze bidden.
Fir dëse Projet ze realiséieren, lancéieren d’Minett UNESCO Biosphere, déi vum Syndikat PRO-SUD geréiert gëtt, an d’Stad Déifferdeng en „Appel à manifestation d’intérêt“. Gesicht gëtt e Bedreiwer, deen den Approvisionnement an déi deeglech Gestioun vun der zukünfteger Verkafsplaz iwwerhuele kann.
Baueren, Produzenten, Kooperativen, Gruppementer oder Associatiounen, déi iwwer déi néideg Erfarung verfügen, kënnen hiren Interessi manifestéieren. Acteuren aus dem Süde vu Lëtzebuerg gi besonnesch berücksichtegt.
Loscht, Deel vun dësem Projet ze ginn?
D’Kandidature kënne bis den 18. Dezember 2026 agereecht ginn.
