2025 war e ganz besonnescht Joer fir de Minett Mash-Up: mir waren eng Kéier an all Gemeng vun der Minett UNESCO Biosphere ënnerwee a mir hunn an all Episod d’Regioun, d’Biosphär an hir Decideuren an de Fokus geréckelt. Dëse „Best Of 2025“ erënnert un déi politesch a mënschlech Reesen, un d’Beruffer, d’Weeër an d’Industriekultur, déi de Minett ausmaachen.
Am Januar si mir zu Beetebuerg mam Buergermeeschter Laurent Zeimet an dem Schäffen a PRO-SUD-Comitésmember Jean Marie Jans an d’Joer gestart: Politik a Journalismus, Mobilitéit an de Storch stoungen am Mëttelpunkt. Am Februar sinn zu Déifferdeng de Buergermeeschter Guy Altmeisch an de PRO-SUD-Vizepresident Erny Muller drukomm – Police an Nowuessaarbecht am Fussball, de Beruff als Elektroingenieur an den „Net Zero Cities“.Projet warenb d’Theemen, déi mir mat den zwee Lokalpolitiker beschwat hunn. De Mäerz huet eis op Diddeleng bei de Buergermeeschter Dan Biancalana gefouert, wou mir iwwert Stadentwécklung (Neischmelz, Duerfkär, Mobilitéitsplang), e méiglechen nationale Konschtarchiv an Noerhuelungsgebidder geschwat hunn.
![]() |
![]() |
![]() |
Am Abrëll koum mam Escher Buergermeeschter a PRO-SUD-President Christian Weis e Vertrieder vun enger neier Generatioun vu Politiker zum Wuert. Mat him hu mer säi Wee an d’Politik nogezeechent, inklusiv senger Passioun fir Pâtisserie an der Roll vum PRO-SUD fir déi nohalteg Entwécklung vun der Minett Biosphere. Am Mee stoung Käerjeng am Fokus, mam Ex-Minister a laangjärege Buergermeeschter Michel Wolter a mam Yves Cruchten, Schäffen, PRO-SUD-Comitésmember an Deputéierten, déi d’Fusiounsgemeng gemeinsam dirigéieren. De Juni huet mat Jean Weiler aus der Gemeng Käl-Téiteng driwwer geschwat, wéi eng Gemeng am enken Dall tëscht zwee Naturschutzgebidder sech entwéckele kann – mam „Plan de développement communal“, Quartier Käl-Nord a Musée Ferrum.
![]() |
![]() |
![]() |
Am Juli hu mir mam Jeannot Fürpass (Buergermeeschter vu Monnerech) an der fréierer PRO-SUD-Presidentin Anouk Boever-Thill geschwat: de séieren Tram, Vëlosweeër, e Solarpark um Crassier, d’Aktivitéitszon Féiz an d’Naturschutzgebitt Dumontshaff mat senge Waasserbüffel a Storche waren hei eis Sujeten. Am August hu mir zu Péiteng mam Buergermeeschter Jean-Marie Halsdorf an dem Schäffen a PRO-SUD-Büromember Guy Brecht d’Industriekultur, d’Eisebunn an d’Millen aus der Kordallgemeng, an de Mëttelpunkt gestallt. Am September ass Rëmeleng un d’Rei komm: de Buergermeeschter Henri Haine an de jonke Schäffen Elvedin Muhovic hunn iwwer Zesummenaarbecht tëscht Generatiounen, d’Industriekultur, de Musée des Mines an den Arboretum mat senger geologescher Eenzegaartegkeet geschwat.
![]() |
![]() |
![]() |
Am Oktober hu mir mat der eenzeger Buergermeeschtesch aus der Minett Biosphere, der Simone Asselborn-Bintz vun der Gemeng Suessem, Fraen an der Politik, Gläichstellung, hir Wuerzelen, als Kand vu berüümten Entertainer, an d’Sozialpolitik mat hirer Erfarung als Educatrice beliicht – a mer hunn och iwwer d’Bëschléierchen als Symbol vun der Minett Biosphere geschwat. Zum Schluss vun eiser Rees duerch d’PRO-SUD-Gemenge ware mer am November beim Carlo Feiereisen zu Schëffleng: de rezente Wiessel am Buergermeeschteramt, seng Vergaangenheet als Infirmier-Anästhesist, seng Roll bei Agora an d’Metzeschmelz als Beispill fir d’Verbindung tëscht industrieller Vergaangenheet a moderner Stadentwécklung hunn eis deen Ament interesséiert.
![]() |
![]() |
![]() |
Dëse „Best Of 2025“ weist: d’Minett Biosphere ass net nëmmen eng Regioun, mee e Liewensraum, an deem Industriekultur, Biodiversitéit an engagéiert Politikerinnen a Politiker zesummewierken, fir déi nächst Kapitele vun der Regioun ze gestalten.











