📌 Poste vacant: Coordinateur général 🏞 Unesco Geodiversity Day 2025 - Entdeckt eis geologesch Villfalt 🚶 MINETT TRAIL - 90 km fir eist Biosphärereservat z'entdecken 🍒 Tutti Frutti - Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

Vun Äppel a Bieren

Am Kader vum MiNELL-Workshop “Vun Äppel a Bieren” konnten d’Participanten den 19.September 2025 am Bongert Altenhoven déi geschmaachlech Villfalt vun alen Uebstzorten entdecken. Et goufen aacht verschidden Äppelzorten a fënnef Bierenzorte virgestallt, erkläert a geschmaacht.

Uebstzorten, déi geschmaacht goufen

Bei der Degustatioun am Bongert Altenhoven kruten d’Participanten eng bemierkenswäert Villfalt vun alen Äppel- a Bierenzorte presentéiert.

D’Auswiel vun den Äppel ass vu klasseschen Dëschäppel bis hin zu robuste Viezäppel gaangen. Sou konnten d’Visiteuren zum Beispill den Triumph aus Lëtzebuerg, en Hierschtapel, deen och als Schousterapel bekannt ass, an déi ganz aromatesch, al Zort Goldparmäne schmaachen. Och déi presentéiert Bierenzorten hunn eng grouss Bandbreet gewisen. E besonneschen Highlight war déi regional Neelchesbier, eng ganz zockerhalteg an aromatesch Zort, déi traditionell fir d’Brenne vu Branntewäi benotzt gëtt.

D’Geschicht vum Bongert Altenhoven

De Bongert Altenhoven ass mat 13 Hektar dee gréissten traditionelle Bongert zu Lëtzebuerg. D’Geschicht vun dësem Gebitt, dat ursprénglech Akerland war, huet 1886 mam Uplanze vu Bierebeem ugefaangen. E puer vun den eelste Beem stamen aus dem Joer 1890 a sinn haut ongeféier 135 Joer al.

Am Joer 1923 huet de Jean Paul Altenhoven de Bongert kaaft an huet bal ausschliisslech Mineuren a Brennereie beliwwert. Vun 1960 u gouf den Terrain verpacht a vernoléissegt. Den Déifpunkt huet de Bongert an den 1980er Jore kannt, wéi e fir de Bau vun der Diddelenger Autobunn an zwee gedeelt gouf.

Duerno huet d’Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga d’Fleeg iwwerholl an de Bongert nees lues a lues opgebaut. Zënter 1998 steet d’Gebitt ënner Naturschutz a gëtt vun „Natur&Ëmwelt/Fondatioun Hëllef fir d’Natur“ ënnerhalen. Haut weeden hei Ranner do, e Léierpad féiert duerch d’Wisen a bei den ëffentleche Pléckdeeg gëtt Uebstfir d’Viezproduktioun gesammelt.

Impressioune vum MiNELL-Workshop

© Minett UNESCO Biosphere