Am neisten Episod vum “Minett Mash-Up” Podcast entféiere mir Iech an déi flächeméisseg klengst Gemeng vun der Minett Biosphär, op Rëmeleng. An dësem Episod, deen de Buergermeeschter, Henri Haine, an den éischte Schäffen, Elvedin Muhovic, zesummebréngt, kënnt Dir Iech op spannend Ablécker an d’Kultur, d’Politik an d’Zukunft vun dëser klenger Stad freeën, déi duerch d’Eisenindustrie um Enn vum 19. Joerhonnert zu deem ginn ass, wat se ass. Maacht Iech prett fir en Episod voller interessanter Momenter, direkt aus dem Häerz vum Minett.
Eis “Minett-Location vum Mount”: Spektrum
Dës Kéier hu mir am “Spektrum” opgeholl, dem fréieren Haus vum bekannte Lëtzebuerger Sculpteur Albert Hames. Dëse gebiertege Rëmelenger, dee bis zu sengem Doud am Joer 1989 hei geschafft huet, huet Wierker hannerlooss, déi wäit iwwer d’Grenze vu senger Heemechtsstad eraus bekannt sinn, wéi zum Beispill säi Monument an der Stater Gare. Am Podcast gi mir der Fro no, wéi eng Spueren den Albert Hames soss nach zu Rëmeleng hannerlooss huet.
Fir Esch2022 gouf d’Haus an en immersive Kulturzentrum transforméiert, an deem och d’Ofschlossfeier fir d’Partner a Sponsore vum Kulturjoer stattfonnt huet. Mir froen de Buergermeeschter, wéi eng Roll dëse besonnesche Projet an der Zukunft vu Rëmeleng spille soll a wéi déi aktuell Visioun fir de “Spektrum” ausgesäit.
Eis Gäscht: Henri Haine & Elvedin Muhovic
Doriwwer eraus léiere mir eis zwee Gäscht besser kennen. Den Henri Haine, deen elo zënter 14 Joer Buergermeeschter vun der klenger Stad ass, verréit eis, wat säi gréisste Challenge an där Zäit war.
Den Elvedin Muhovic, deen 2023 direkt op déi zweet Plaz gewielt gouf an domat éischte Schäffe ginn ass, erzielt eis vu sengem Sprong an d’Politik a senger Motivatioun als jonke Politiker. Besonnesch interessant ass et, ze héieren, wéi déi zwou Generatiounen zesummeschaffen, fir d’Zukunft vu Rëmeleng ze gestalten.
Aner Sujete sinn d’Industriekultur an den eelste Kino vum Land. Mir schwätzen iwwer de bekannte Musée des Mines, a wéi d’Gemeng d’Erënnerung un d‘Zäit vum Biergbau un déi jonk Generatioune weidergëtt a spadséiere virtuell duerch ee vun de raren Arboretumer vum Land an deem eng geologesch Iwwerraschung op d’Visiteure waart.
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
© Minett UNESCO Biosphere
Eise Quiz:
Wéini ass de Musée des Mines gegrënnt ginn?
- 1963
- 1973*
- 1983
A wéi engem Joër ass zu Rëmeleng den ‘éclairage public’ vu Gaz op Electrizitéit ëmgestallt ginn?
- 1949*
- 1939
- 1929
Zu Rëmeleng ass nach ëmmer en Dagebau aktiv. Hei gëtt Kalleksteen ofgebaut, mat deem duerno Zement gemaach gëtt. Wéi eng vun dëse Behaaptungen iwwert d’Carrière vun der Cimalux tëscht Rëmeleng an Ëtteng ass richteg?
- 2007 ass hei eng Betriebslizenz vu 50 Joer ausgestallt ginn
- D’Carrière ass manner ewéi 50 Hektar grouss
- An der Carrière ass wéi an England Lénksverkéier*
Links bei d’Sujete vun dësem Episod:
- Rëmeleng – Offizielle Website vun der Gemeng
- Albert Hames – Rëmelenger Skulpteur, dee landeswäit bekannt ass, a säi ganzt Liewen zu Rëmeleng gelieft huet
- Spektrum – Wunnhaus vum Rëmelenger Skuplteur, wat am Kader vun Esch2022 zu engem immersive Kulturzentrum ausgebaut gouf
- Musée des Mines – Musée, dee sech mat der Geschicht vum Biergbau zu Lëtzebuerg beschäftegt
- Ciné Kursaal – eelste Kino zu Lëtzebuerg, deen nach a Betrib ass zu Lëtzebuerg
- Trail des Mines – Lafcourse, déi deels duerch d’Galerien vum Musée des Mines geet
- Ministère de l’environnement, du climat et de la biodiversité – Lëtzebuerger Ministère, dee sech ëm d’Ëmwelt bekëmmert
- Arboretum « An Aenzelen » – Arboretum, deen Uganks vun den 1990er op der fréiere Rëmelenger Deponie ugeluecht ginn ass
- Carrière Cimalux – groussen Dagebau tëscht Rëmeleng an Ëtteng, wou Kalleksteen ofgebaut gëtt
- Aire Terrestre Educative – pedagogescht Konzept, wat d’Minett Biosphere mat zwou Schoulklasse vu Rëmeleng am Arboretum realiséiert hat.
- Hutbierg – Deel vum Naturschutzgebitt Léiffrächen
Kontaktéiert eis:
![]() |
![]() |
![]() |