ℹ️ Wärmepompel - Eng ekologesch an accessibel Solutioun 🚶 MINETT TRAIL - 90 km fir eist Biosphärereservat z'entdecken 🍒 Tutti Frutti - Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

Minett Mash-Up: Jean Weiler X Park Ouerbett

An dësem Episod vum Minett Mash-Up geet et eis Rees bei d’Decideuren aus den 11 Gemeng vun der Minett UNESCO Biosphere virun. Mat der Gemeng Käl-Téiteng maache mer schonn an der 6. Gemeng vum eenzege Lëtzebuerger Biosphärereservat Statioun. An och wa weder Käl nach Téiteng eng Schmelz haten, ass d’Gemeng laanscht d’Kälbaach enk mat der Industriegeschicht vu fréier an eisem natierleche Räichtum vun haut verbonnen. Et gëtt also genuch spannend Themen a Geschichten iwwert déi mer eis, matten an engem Park, mat Käler Buergermeeschter ënnerhale konnten.

Eis „Minett-Location” vum Mount: De Park Ouerbett

Rendez-vous fir dësen Episod vum Minett Mash-Up opzehuelen hate mer am Park Ouerbett. Dës gréng Long am Zentrum vu Käl ass am Joer 2010 opgaangen a war 2011 souguer Finalist fir de Lëtzebuerger Architekturpräis. Et ass eng Oas vun der Rou fir grouss a kleng, mat enger Spillplaz, Sportsinstallatiounen, déi vun der Bevëlkerung genotzt kënne ginn an engem Pavillon, an deem ganz geschwënn nees e Restaurant opmaachen dierft.

Eise Gaascht: Jean Weiler

De Jean Weiler ass zënter 2022 Buergermeeschter vun der Gemeng Käl-Téiteng. Éier hien seng politesch Funktioun iwwerholl huet, war de Jean Weiler als Enseignant engagéiert. Hien ass, wéi en eis verroden huet, e richtege Käldaller, dee schonn an all den Uertschafte vun dësem Dall gelieft huet.

An eisem Gespréich ass riets gaangen iwwert d’Erausfuerderungen a punkto Entwécklung vun enger Gemeng, déi an engem relativ enken Dall, tëscht zwee aussergewéinlechen Naturschutzgebidder läit. An deem Kontext hu mer mam Jean Weiler iwwert de „Plan de développement communal” geschwat an den zukünftege Quartier Käl-Nord. E weidere Sujet war déi lokal Industriegeschicht mat den Infrastrukturen, déi d’Gemeng esouwuel mam Musée Ferrum ewéi doriwwer eraus en place gesat huet.

Eise Quiz:

Wéi ass den Numm vun der Minett-Trail-Kabaische vun der Gemeng Käl, déi zu Téiteng steet?

  1. De Lutepitti
  2. D’Bremshaischen
  3. Den alen ARBED’s-Bureau

 

De Käler Poteau trennt d’Uertschafte Käl a Rëmeleng. Iwwert dëse Bierg féiert eng Strooss. Bis op eng Altitude kënnt een erop, wann een iwwer dës Strooss fiert?

  1. 382 m
  2. 415 m
  3. 466m

 

D’Luuchtefabrik vum Pierre Schiltz huet 1913 ugefaange Karbidsluuchte fir d’Mineuren ze produzéieren. Doriwwer eraus war de Pierre Schiltz awer och Buergermeeschter vu Käl. Méi wéi dacks war hien dat?

  1. Eng Kéier
  2. Zwou Kéieren
  3. Dräi Kéieren

 

© Minett UNESCO Biosphere

Linke bei d’Sujete vun dësem Episod:

 

Kontaktéiert eis:

    +352 26 17 97 1