ℹ️ Wärmepompel - Eng ekologesch an accessibel Solutioun 🚶 MINETT TRAIL - 90 km fir eist Biosphärereservat z'entdecken 🍒 Tutti Frutti - Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

Neie Bongert zu Lamadelaine elo accessibel

Zënter 2022 maachen d’Gemenge vun eisem Biosphärereservat hir Bongerten op fir de Public. An dëse kommunale Gréngflächen däerf all Awunner aus der Minett UNESCO Biosphere gratis Uebst plécken, fir dëst duerno selwer ze verschaffen.

 

Am Joer 2025 huet d’Gemeng Péiteng e weidere Bongert fir eise Projet Tutti Frutti opgemaach. Dësen drëtte Péitenger Bongert, am Südweste vun eisem Biosphärereservat geleeën, fënnt een op enger Kopp hannert de Rollenger Fëschweieren. En ass bal een Hektar grouss an hei sti 54 jonk Uebstbeem. Ze fanne sinn hei Äppel-, Biere- a Quetschebeem, déi wéinst hirem Alter allerdéngs nach net vill Friichten droen.  

En Trëppeltour duerch dësen Naturraum ass awer op alle Fall ze recommandéieren, well ee vun hei, iwwer de Sentier des Mineurs bannent e puer Minutten eng vun de Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere, d’Naturschutzgebitt Prënzebierg/Giele Botter, erreeche kann. Dës Plaz ass en impressionnanten Zeie vun der industrieller Geschicht vun eiser Regioun, well hei nach bis 1978 d’Minett am Dagebau ofgebaut ginn ass.

© Minett UNESCO Biosphere