An dësem Episod vum Minett Mash-Up begéine mir zwee weidere Gemengepolitiker aus enger vun der Gemenge vum Lëtzebuerger Biosphärereservat. Dës Kéier si mer an der Gemeng Käerjeng an ënnerhalen eis mam Michel Wolter a mam Yves Cruchten. En dësem Episod vum Minetter Wanderpodcast geet et mat den zwee Politiker ëm hir Erfarungen an der nationaler a lokaler Politik, d’Industriekultur vun hirer Gemeng, e méigleche Béiermusée an d’Erausfuerderunge vun der Zukunft.
Eis “Minett-Location” vum Mount: Käerjenger Museksschoul
D’Käerjenger Gemeng ass mat 34 km² déi gréisste Gemeng vun der Minett Biosphere. Als eenzeg Gemeng aus dem Kanton Capellen déi zur Biosphär gehéiert, huet se eng besonnesch Positioun.
Am Moment ass d’Gemeng an engem Provisorium ënnerbruecht, well d’Gemeng en neit Gemengenhaus kritt, wat dat aalt aus den 1960er Joren ersetze wäert, sinn d’Bureau op déi al Spillschoul, d’Gemengenatelieren an d’Käerjenger Museksschoul verdeelt ginn. Dat nei Gebai ass awer e Sujet, well et dat éischt Gebai vun enger ëffentlecher Verwaltung zu Lëtzebuerg soll sinn, wat komplett ouni externen Heizsystem funktionéiere soll.
Eis Gäscht: Michel Wolter & Yves Cruchten
De Michel Wolter, fréiere Minister, laangjärege Parlamentarier a säit 15 Joer Buergermeeschter vu Käerjeng, ass mat sengen iwwer 40 Joren Erfarung en alen Hues an der Politik, deen awer nach ëmmer Spaass u sengen Aufgaben huet a speziell u sengem Job als Buergermeeschter vun der Fusiounsgemeng Käerjeng, déi aus de Gemengen Nidderkäerjeng a Kënzeg ervirgaang ass.
Den Yves Cruchten ass zënter de leschte Gemengewale Schäffen zu Käerjeng a Member am Comité vum Gemengesyndikat PRO-SUD, dee fir d’Gestioun vun der Minett Biosphere zoustänneg ass. Hien ass Deputéierten an der Chamber an aktive Member vun der parlamentarescher Versammlung vum Europarot zu Stroossbuerg.
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
© Minett UNESCO Biosphere
Eise Quiz:
Den Dag vun der Aarbecht ass duerch e grousse Streik an den USA entstanen. Et war de sougenannten „Haymarket Riot“. A wéi engem Joer war deen?
- 1886
- 1909
- 1921
D’Urspréng vun der Brauerei zu Käerjeng ginn op d’Joer 1764 zeréck. Déi eigentlech Bofferding-Brauerei ass 1842 gegrënnt ginn. Natierlech vum engem Här Bofferding. Mee, wat war deem säi Virnumm?
- Charles-Edouard
- Jean-Baptiste
- Michel-Philippe
D’Äisch ass eng vun de wichtegste Baachen am Land. Wéi laang ass d’Äisch vun der Schockmillen, an der Gemeng Käerjeng, wou se hiren Numm kritt, bis op Miersch, wou se an d’Uelzecht fléisst?
- 29 km
- 39 km
- 49 km
Links bei d’Sujete vun dësem Episod:
- Neit Käerjenger Gemengegebai: Projet vun deem neie Gebai fir d’Gemengeverwaltung vu Käerjeng
- Kordall: Géigend am Südweste vu Lëtzebuerg, duerch d’Kuer (Korn, Chiers) fléisst, deen als eenzege gréissere Lëtzebuerger Floss zum Anzuchsgebitt vun der Meuse gehéiert
- Park Uewerkäerjeng: Projet, mat deem en neie Park am Zentrum vun Uewerkäerjeng entstanen ass
- TDK Käerjeng: Industrieanlag an där tëscht 1991 an 2006 ënnert anerem CDen an DVDe produzéiert goufen
- Brasserie Nationale: Brauerei zu Käerjeng, déi zënter 1764 gegrënnt gouf an zënter dem 19. Joerhonnert zu Nidderkäerjeng Béier braut
- Ried vum Michel Wolter: Déi hien als Alterspresident vun der Chamber am Oktober 2023 gehalen huet
- Bioklimatesch Kaart vun der Minett Biosphere: Komplett Etüd iwwer Hëtztinselen a Kaltluft-Reservoiren am Süde vu Lëtzebuerg
Kontaktéiert eis:
![]() |
![]() |
![]() |