Wärmepompel: Eng ekologesch an accessibel Solutioun Nature & More - Family Day - 18.05.25 - En Dag an der Natur vum Ellergronn
arrow
quote quote

National Klimaadaptatiounsstrategie

Vu regionaler Etüd zu nationaler Strategie

D’Regierung huet de 15. November 2024 en ambitiéisen Entworf fir d’Strategie zur Upassung un de Klimawandel virgeluecht. Mat 131 konkrete Moossnamen a 16 verschiddenen Handlungsfelder soll Lëtzebuerg fit fir d’Klimazukunft gemaach ginn. Dës Propose ginn elo mat der Ëffentlechkeet diskutéiert.

Biergeratelieren am ganze Land an och am Minett

E wichtege Schrëtt a Richtung Biergerbedeelegung gëtt de Méindeg, 28. Abrëll 2025 um 19:00 am Naturschutzzentrum Ellergronn gemaach. Hei kënnen interesséiert Bierger hir Iddien a Proposen zu de virgeschloene Klimaadaptatiounsmoossnamen abréngen.

Minett Biosphere als Virleefer

D’Südregioun huet mat hirer detailléierter bioklimatescher Etüd eng wichteg Viraarbecht geleescht. D’Analys vun den eelef Membergemengen aus der Minett UNESCO Biosphere weist, wou d’Hëtztinselen an d’Frëschloftkorridore leien a wéi de Klimawandel dës beaflosse kéint. Dës Erkenntnisser kënnen iwwert de Minett eraus wichteg Impulser fir déi national Strategie liwweren.

Konkret Moossnamen fir déi urban Entwécklung

D’Etüd vun der Minett UNESCO Biosphere liwwert e Katalog vu prakteschen Adaptatiounsmoossnamen:

  • Schafung vun neie Gréngflächen
  • Uleeë vu Waasserfläche fir d’Ofkillung
  • Upasse vun der Bebauung fir eng besser Loftzirkulatioun
  • Erhale vun de regionale Frëschloftkorridoren

 

Zesummespill vu lokalem a nationalem Handelen

D’Regierung gesäit hir Adaptatiounsstrategie als e partnerschaftleche Projet. D’Erfarunge vun der Minett-Regioun weisen, datt lokal Moossnamen an national Strategien Hand an Hand kënne goen. D’Online-Consultatioun vun der Ëffentlechkeet leeft bis de 14. Mee, an all Bierger ass invitéiert seng Stëmm anzebréngen.

D’Biergerateliere, wéi dee vum Méindeg, dem 28. Abrëll am Ellergronn, gi vun erfuerenen Organisatioune wéi CELL, EBL, IMS Luxembourg an dem Klima-Bündnis Lëtzebuerg begleet. Si garantéieren eng konstruktiv Diskussioun iwwer déi bescht Weeër fir eis Gemengen a Stied méi resilient géint de Klimawandel ze maachen.