Den Dënschdeg, 25. Mäerz war am Forum vum Campus Geesseknäppchen op en Neits de Rendez-vous fir d’Bildung fir nohalteg Entwécklung.
Vu moies bis an de spéiden Nomëtteg hunn sech d’Acteuren aus dem Beräich vun der Ëmweltbildung versammelt, fir sech an hir Aktivitéite ze presentéieren. Wéi och schonn an de leschte Jore war d’Minett UNESCO Biosphere op dësem Rendez-vous mat engem eegene Stand dobäi, deen eng ganz Rei Enseignanten a Schüler aus dem ganze Land ugezunn huet.
Mir vun dëser Foire profitéiert fir eist Biosphärereservat an de Minett Natur an Ëmwelt LéierLab (MiNELL) ze presentéieren. Mir konnten de Visiteuren esou weisen, wéi eng pedagogesch Aktivitéiten, punktueller an och méi laangfristeger, iwwert den Ëmweltedukatiounsprogramm vun der Minett UNESCO Biosphere offréiert kënne ginn a wéi d’Approche vun eisem LéierLab ausgesäit, fir Kanner a Jugendlechen iwwert d’Biodiversitéit, hir Menacen an hir Protektioun z’informéieren. Zil vun dësem Projet ass et eis nächst Generatioune fir den Erhalt vun eiser Natur an Ëmwelt ze sensibiliséieren an ze motivéieren.
![]() |
![]() |
![]() |
© Minett UNESCO Biosphere
Wéi all Joer hunn och de Edukatiounsminister Claude Meisch an den Ëmweltminister Serge Wilmes en Tour iwwert dës Foire gedréint. Mir konnten esou beide Regierungsvertrieder eist Konzept vun der Ëmweltbildung presentéieren. E Konzept wat bei beide Politiker gutt ukomm ass.