E Mëttwoch, de 5. Februar, gouf den Interreg Projet “Cool Neighbourhoods” bei deem d’Minett UNESCO Biosphere an d’Stad Déifferdeng dobäi sinn, am Kannergemengerot virgestallt.
Bei dëser Presentatioun, déi vu Mataarbechter vum Déifferdenger Ëmweltservice gemaach gouf, sinn d’ Kanner gewuer ginn, ëm wat an dësem Projet geet. 13 Partner aus der Belsch, Frankräich, Holland a Lëtzebuerg realiséieren hei am Ganzen néng Projeten, mat deene konkret eppes géint d’Hëtzt an de kierperleche Stress, deen duerch héich Temperature kann ausgeléist ginn, ënnerholl soll ginn.
Beim Projet zu Déifferdeng geet et drëm eppes géint Hëtzt am Schoulhaff vun der “Jongeschoul” am Zentrum vun der Stad ze ënnerhuelen. D’Kanner si gewuer gi wat fir eng Roll, déi gréng Mauer, déi hei am Schoulhaff gebaut soll ginn, dobäi huet.
D’Kanner hate selwer scho par Rapport zu där Problematik e Bréif un d’Gemeng formuléiert mat der Demande fir méi Beem an doduerch méi Schied an de Schoulhaff ze kréien. Si hunn och Propose gemaach, wéi een aner Kanner an Erwuessener op de Sujet opmierksam maache kann a se duerfir interesséiere kann. Eng Iddi vun de Kanner war dës Sensibiliséierung eventuell duerch d’Kreatioun an d’Opstelle vu Plakater oder Pancarten am Schoulhaff an op anere Plazen an der Gemeng ze maachen.
![]() |
![]() |
![]() |