Wärmepompel: Eng ekologesch an accessibel Solutioun Nature & More - Family Day - 18.05.25 - En Dag an der Natur vum Ellergronn
arrow
quote quote

PRO-SUD stellt an

De Syndicat PRO-SUD sicht en(eng) Vollzäit Employé(e) communal / Fonctionnaire A1 oder A2 fir d’Fonctioun vum

Coordinateur général

Kontext:

Am Kader vu senger regionaler Missioun sicht de Syndicat PRO-SUD Syndikat en erfuerene Generalkoordinator.

Missiounen:

  • D’Promotioun vun der Visioun, der Missioun an de strategeschen Ziler vum PRO-SUD an d’Supervisioun vun de Collaborateure vum Syndikat.
  • D’Assuréiere vun de Missiounen als Koordinator vum Biosphärereservat.
  • Initiéieren a koordinéiere vu Aktivitéiten a Projeten, besonnesch innovativen, déi déi regional Approche an engem nationalen an och grenziwwerschreidende Kontext vun der PRO-SUD Regioun konkretiséieren.
  • D’Koordinatioun vun Aktioune vum Syndicat PRO-SUD am Beräich vun der strategescher a finanzieller Planung.
  • Eng effikass Koordinatioun vu senger Aarbecht an d’Opstelle vun engem Aktivitéitsplang, vun engem Joresaarbechtsplang fir d’Personal, vu Mechanismen déi e Suivi an eng Evaluatioun erlaben an erstelle vu Rapporten.
  • Organisatioun a Suivi vun den etabléierte Reunioune vun Aarbechtsgruppen.
  • Entwécklung vun effiziente Kommunikatiounsmechanismen tëscht de verschiddenen Projetspartner (ëffentlech, privat, associativ a Bierger) vum Syndicat.
  • Sich no europäeschen an nationale Finanzéierungsméiglechkeete fir regional Projeten an de Suivi vun de Projete garantéieren.
  • Kenntnisser an der Elaboratioun an der Gestioun vum Budget vun engem interkommunale Syndikat.
  • D’Interesse vun den 11 Gemengen aus der Südregioun op nationalem Niveau an an den internationale Biosphärenreservaten representéieren.

 

Profil:

  • Universitéitsdiplom am Zesummenhang mat den Tâchen, déi ze realiséiere sinn.
  • De préférence 3 bis 5 Joer Erfarung.
  • Teammanagement.
  • Fäegkeet fir ze katalyséieren a kreativ ze denken.
  • Planung, Organisatiounstalent a administrativ Genauegkeet.
  • Flexibilitéit, Disponibilitéit, Autonomie.
  • Initiativgeescht.
  • Wëssen iwwer kommunal an national Instanzen, esou wéi d’Institutioune vun der Groussregioun si vu Virdeel.

 

Sproochenufuerderungen: 

Gutt mëndlech a geschriwwene Connaissancen am Franséischen, Däitschen an Engleschen. E gudden Niveau am Lëtzebuergeschen ass indispensabel.

Dokumenter déi “OBLIGATORESCH” mat der Kandidatur eranzeschécke sinn:

  1. Eng rezent Gebuertsurkund an, wann néideg, en Acte de mariage.
  2. Eng Kopie vun der Identitéitskaart respektiv vum Pass.
  3. E rezenten Extrait aus dem Casier judiciaire. Bulletins N°3, N°4 an N°5.
  4. D’Originaler oder Kopië vun den néidegen Diplomer an Zensuren.
  5. En detailléierte Curriculumm Vitae (genau Periode vun de Studien an de fréiere Beruffer).
  6. Eng rezent Passfoto.

 

D’Kandidate mussen hir Kandidatur mat all de gefuerderten Dokumenter bis spéitstens den 14. Februar 2025 un de Bureau vum Syndicat PRO-SUD, c/o Sekretär schécken.