Job-Contact Mission Zéro Carbone Minett Mash-Up: De Podcast Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

20 Joer PRO-SUD – Lydia Mutsch (2004/2014)

D’Regioun an de Käpp entstoe loossen

Am Oktober 2004 krut de PRO-SUD en neie Kommitee mam Lydia Mutsch als Präsidentin. Éischte Schratt war d’Schafe vun engem Managementteam, mat deem den Aarbechtsprogramm vum Syndikat sollt ëmgesat ginn.

Dat regionaalt Denken huet fir d’éischt emol mussen an de Käpp vun de Leit verankert ginn. Et gouf vill Manifestatiounen an de verschiddene Beräicher, iwwert déi op der Zukunftskonferenz geschwat gi war. De PRO-SUD huet mat de Commerçanten aus de Stadzentren zesummegeschafft a war och am Beräich vum Tourismus aktiv. De regionalen Tourismusbüro (ORT) war nach net gegrënnt.

Eng Fotoausstellung mam Titel “D’Regioun an zwanzeg Joer” huet e Bléck op d’Zukunft vum Gemengesyndikat méiglech gemaach. D’Awunner waren invitéiert ginn sech hir Regioun an zwanzeg Joer virzestellen. Schonn deemools gouf et Fotoen, op deenen d’Industrie mat der Natur vermëscht gouf. De Vernissage, am August 2006, am SKIP war e groussen Erfolleg. Am Joer 2014 goufen am Kader vum SudTEC néng Atelieren organiséiert, un deenen am Ganzen 1.224 Kanner aus der Südregioun matgemaach hunn. Mat dësem Programm sollte Kanner op eng spilleresch Manéier u Wëssenschaft an nei Technologien erugefouert ginn.

Erfollegräich Projete waren, ënnert anerem, och d’Zesummeleeë vu Servicer, wéi de gemeinsamen an nohaltegen Akaf vu Pabeier oder duerch eng regional – a keng kommunal – Konventioun iwwert den Asaz vum individuellen Nuechtbus “Night Rider”, dee keng fix Strecken oder Haltestellen huet. Ausserdeem ass d'”Night Card Sud” agefouert ginn, eng Zort Ticket fir den Night Rider, dee vun de Südgemenge finanzéiert gëtt.

En plus ass deemools e regionalen Observatoire geschaf ginn: Dat huet et erméiglecht Daten (z.B. demographesch Daten) am Zesummenhang mat der Landesplanung z’analyséieren. Op dës Manéier konnt een Entwécklungen aschätzen an de Gemenge bei hire Preparatioune fir hir nei PAGen (Plan d’aménagement général) ënnerstëtzen.