Minett Mash-up TUTTI FRUTTI BEYOUTHSPHERE FORUM 2022
arrow
quote quote

Kiemerchen / Scheiergronn / Groussebësch

Zënter eréischt knapp zwee Joer ass déi, ronn 390 Hektar grouss, Kärzon „Kiemerchen / Scheiergronn / Groussbësch“ en nationaalt Naturschutzgebitt. Zënter e bësse méi ewéi ee Joer awer och eng vun de sechs Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere. D’Schutzzon, déi ongeféier 6 Kilometer laang ass a vun der Zowaasch iwwer Uewerkuer op Bieles geet, grenzt quasi op hirer ganzer Längt och u Frankräich.

Genee ewéi déi aner Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere besteet déi jéngste Kärzon aus alen Dagebaugebitter an deenen d’Minett ofgebaut gouf. Dat ass hei virun allem fir den Deel vum Kiemerchen an dem Scheiergronn de Fall, an deem bis an d‘1970er Joren eran d’Eisenäerz iwwerierdesch ofgebaut gouf. Besonnesch ervirzesträichen ass hei déi ronn 3 Kilometer laang asphaltéiert Camionspist, déi fréier benotzt gouf fir d’Minett op direktem Wee an déi no geleeë Stolwierker ze transportéieren. Haut ass dës Pist e praktesche Wee fir Foussgänger, Wanderer a Cycliste queesch duerch d’Naturschutzgebitt.

De Groussebësch, een, duerch den CR174 an e puer Felder, ofgetrennte Stéck vun dëser Schutzzon fënnt een an der Géigend vun der Uertschaft Lasauvage am Dall vun der Réierbaach (Crosnière). Et ass e grousst an zesummenhänkend Bëschgebitt, an deem et trotzdeem vereenzelt, kleng Dagebaugebitter gëtt, vun deenen eent am leschten Oktober entbuscht ginn ass, fir och hei Eidechsen a raren Orchideeën an Zukunft Liewensraum ze bidden. Dësen Deel vun der Kärzon vun eisem Biosphärereservat ass duerch Bëschweeër erschloss a kann och iwwert de „Sentier de la Crosnière“, dee laanscht d’Baach geet, déi d’Dall vu Lasauvage gegruewen huet, entdeckt ginn.

D‘Fleischfarbene Knabenkraut, eng Orchidee, déi ee just nach op 3 Plazen am Land fanne kann, an de „Bienen-Ragwurz“ sinn zwou vun der Orchideeënzorten, déi am Fréijoer dësen Deel vun der Biosphär besonnesch beräicheren. Donieft fënnt een awer och nach aner Planzen, déi gesetzlech geschützt sinn, wéi d‘„Echte Tausendgüldenkraut“. Dës Planze profitéiere genee esou vun de Pionnéierbëscher a Dréchewisen, déi hei entstane sinn, ewéi eng Rei vu Päiperleken. Ënnert anerem de „Brauner Feuerfalter“ ass hei z’ernimmen, eng Päiperlekszort, déi op der rouder Lëscht zu Lëtzebuerg steet.

© Marc Weis

D’Steewänn, déi duerch den Dagebau entstane sinn, bidden iwwerdeems Eidechsen an d’Minnen ënnert dem alen Dagebauareal och Flantermais en Doheem. An den Dëmpelen a Weieren, déi een an der Schutzzon fënnt, ass, ënnert anerem d’Kreuzkröte (lëtz.: Onk, lat.: Epidalea calamita) ze fannen, déi zu Lëtzebuerg ewell vum Ausstierwe menacéiert ass.

© Marc Weis

Fir dës Kärzon vun der Minett UNESCO Biosphere z’entdecke bidde sech nieft dem „Sentier de la Crosnière“ och nach den Auto-Pédestre Déifferdeng esou wéi d’CFL-Wanderweeër 27, 28 an 20 un.