ROCKLINES TUTTI FRUTTI BEYOUTHSPHERE FORUM 2022
arrow
quote quote

Haard-Hesselssbierg-Staebierg

1994 offiziell als nationaalt Naturschutzgebitt klasséiert ass d’Kärzon „Haard-Hesselsbierg-Staebierg“ mat hire knapp iwwer 600 Hektar dat gréisst zesummenhänkend Naturschutzgebitt, wat et zu Lëtzebuerg gëtt. E groussen Deel vum Gebitt sinn al Dagebaugebitter, wéi dat an all de Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere de Fall ass.

© Marc Weis

D’Kärzon „Haard-Hesselsbierg-Staebierg“ läit um Territoire vun 3 vun den 11 PRO-SUD Gemengen. De gréissten Deel, 323 Hektar, gehéiert zu der Gemeng Diddeleng, um Territoire vun der Gemeng Käl leien 234,5 Hektar vun der Schutzzon an déi aner 36 Hektar gehéieren zu der Gemeng Rëmeleng.

© Marc Weis
© Marc Weis

Wann een dës Kärzon vun der Minett UNESCO Bisophere entdecke wëll, stinn engem zwee nei baliséiert Wanderweeër (rouden a bloe Päiperlek), iwwer 25 Kilometer Vëlosweeër an och 25 Kilometer Reitweeër zur Verfügung. D’Landschaft ass villfälteg. Nieft den Dréchewisen, déi nom Enn vum Dagebau hei entstane sinn, gëtt et an dësem Deel vun eisem Biosphärereservat awer och géi, vu Mënschenhand geschafe, Fielswänn, ursprénglech Bëscher, esou wéi traditionnell Kulturlandschaften, also Felder a Wisen. Dës fënnt een zum Beispill nach op der „Reiteschkopp“.

Am Beräich vum „Laangebierg“ an dem „Kalebierg“ sinn eng 156 Hektar vum dëser Kärzon vun eiser Biosphär als Naturbëschreservat ausgewisen.

© Marc Weis

Déi al Dagebaugebitter, déi reegelméisseg vun de Minetter Wanderschof beweed ginn, bidden duerch hir Spezifitéit e räiche Liewensraum. D’Pionnéierwisen, déi hei entstanen sinn an elo erhale ginn, zeechne sech aus duerch hir Närstoffaarmut, duerch d’Wäermt, déi op dëse Flächen am Summer séier mat enger gréisserer Dréchenheet zesummen optrëtt, an duerch hir Hellegkeet eraus.

© Marc Weis

Mä och de Crassier, deen um Bord vum Plateau vun der Haard ze fannen ass, ass biologesch wäertvoll. Hei huet d’Bëschléierchen (Lullula arborea) en Doheem fonnt, wat se sech mat iwwer 100 aner Vullenzorten, dorënner och dem Uhu (Bubo Bubo), deen vun den „fronts de taille“, déi d’Eisenäerzexploitatioun iwwereg gelooss huet, profitéiert.

© Marc Weis

D’Kärzon „Haard-Hesselsbierg-Staebierg“ vun der Minett UNESCO Biosphere zeechent sech awer duerch eng Abberzuel vun Orchideen a Päiperleken aus, déi een hei fanne kann. Et gëtt et eng ganz Rei vun Eidechsen, Schlaangen an Amphibien hei an a punkto Mammendéieren muss een op dëser Plaz och d’Wëllkaz, d’Flantermais an de Siweschléifer ernimmen, déi an dësem Deel vun eisem Biosphärereservat doheem sinn.

© Marc Weis

Méi Informatiounen iwwert dës Kärzon fannt dir an dëser Brochure, déi vun Naturverwaltung erstallt ginn ass.