Minett Mash-Up: Der Podcast über unsere Region TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

Brucherbierg-Lalléngerbierg

D’Kärzon „Brucherbierg-Lalléngerbierg“ läit am Zentrum vun der Minett UNESCO Biosphere

Et ass eng vun de spektakuläerste Kärzone vum Biosphärereservat, eleng scho wat d’Vue ugeet, déi een hei huet.

© Marc Weis

Ganz beléift als Noerhuelungsgebitt, bei den Awunner aus den dräi Gemengen, Esch, Schëffleng a Käl, op deenen hirem Terrain dëst Schutzzon ze fannen ass, bitt de „Brucherbierg-Lalléngerbierg“ awer net just schéin Aussiichtspunkten, mä och eng grouss Unzuel u Planzen an Déieren. Insekten, Eidechsen, Flanteren a Vigel hunn nom Enn vum Dagebau hei en doheem fonnt an deem si sech richteg wuelvillen a wou et hinne gutt geet. Als Beispill ernimme mir hei just déi ronn 500 Zorte Päiperleken, déi an der Kärzon „Brucherbierg-Lalléngerbierg“ vum Fréijoer bis an den Hierscht ze fanne sinn.

Mat hiren 282 Hektar Surface ass dës Kärzon wuel net déi gréisst an der Minett UNESCO Biosphere, duerch déi grouss Flächen un oppen Dréchewisen awer e wichtegt Réckzuchsgebitt fir Villercher, déi um Buedem bréien ewéi d’Bëschléierchen, de Bampiipsert an de Gielemännchen. Fir hire Schutz a Fortbestand, an eiser Géigend, ass et wichteg, datt an der Zäit wou se bréien a bei eis unzetreffe sinn, also vu Mäerz bis September, déi baliséiert Wander- a Vëlosweeër respektéiert ginn an Hënn, déi mat an d’Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere geholl ginn, an der Léngt bleiwen.

Schutz vu Planzen an Déieren

Am Hibléck op d’Protektioun vun dëse rare Vullenzochten huet d’Naturverwaltung elo rezent och e puer „wëll“ Wanderweeër, déi an de leschte Joren um Plateau vum „Brucherbierg-Lalléngerbierg“ ausgetrëppelt goufen, gespaart.

Dem Visiteur vun dëser Kärzon vun eiser Biosphär bleiwen awer nach ëmmer genuch ausgewise Weeër a Mountainbikespisten, fir schéin Amenter an der eenzegaarteger Natur vun dësem fréieren Dagebaugebitt ze genéissen.

Réseau de chemins sur le Lalléngerbierg

Baliséiert Trëppeltier sinn, ënnert anerem, den Auto-pédestre Schëffleng, d’CFL- Wanderweeër 25 (Käl-Schëffleng) a 25a (Esch/Uelzecht – Um Réimerwee) an den astronomesche Wanderwee „De Saturn“, dee, vum Stade Jean Jacoby zu Schëffleng aus, net just iwwert de Plateau geet, mä engem mat Hëllef vu Panneauen och nach interessant Wëssen iwwer de Mound, eise Sonnesystem, Asteroiden an aner Himmelskierper matgëtt. Detailer iwwer d’Trëppelweeër sinn um Site vun der Gemeng Schëffleng ze fannen.

Virun allem Mountainbiker kommen um „Brucherbierg-Lalléngerbierg“ awer op hir Käschten. Duerch d’Schutzzon leeft de Red Rock Trail, dee mat senge 36.5 Kilometer Längt a sengen 1115 Meter Héichtendifferenz, net just duerch all d’Vegetatiounszone vum Naturschutzgebitt féiert, mä och Drops a Spréng vun den ënnerschiddlechste Schwieregkeetsgraden ze bidden huet. Méi Informatiounen iwwert de Mountainbike-Trail fënnt een hei.