📌 Poste vacant: Coordinateur gĂ©nĂ©ral 🏞 Unesco Geodiversity Day 2025 - Entdeckt eis geologesch Villfalt đŸš¶ MINETT TRAIL - 90 km fir eist BiosphĂ€rereservat z'entdecken 🍒 Tutti Frutti - Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
quote quote

IWWERT EIS

image image
quote quote

Regional Entwécklung

PRO-SUD

PRO-SUD ass de regionale Gemengesyndikat

fir d’Promotioun an d’EntwĂ©cklung vun der SĂŒdregioun.

DĂ©i 11 Gemengen, dĂ©i Member vum Syndicat PRO-SUD sinn, formĂ©ieren zesummen d’BiosphĂ€rereservat.

DEN OBJEKTIV VUM SYNDIKAT

Zil vu PRO-SUD ass et, seng 11 Gemengen, dĂ©i Member sinn, zesummen ze brĂ©ngen, fir gemeinsam Projeten z’entwĂ©ckelen.

De SchwĂ©ierpunkt lĂ€it dobĂ€i op der nohalteger EntwĂ©cklung an der Promotioun vun der IdentitĂ©it vun der SĂŒdregioun.

Et geet drëms déi regional Approche ze konkretiséieren, andeems innovativ Projeten initiéiert a begleet ginn, déi vu regionalem, nationalem a grenziwwerschreidendem Interessi sinn.

DowĂ©inst schafft de PRO-SUD mat senge Partner net just um Ëmsetze vun territoriale Strategien am interkommunalen Interessi, mĂ€ och um VerstĂ€ndnis vun dĂ«se Strategien, fir esou d’LiewensqualitĂ©it vun den Awunner am SĂŒde vu LĂ«tzebuerg ze verbesseren.

stork
quote quote

D'PRO-SUD-Ekipp

photo
Isabelle RENOIR

Chargée de missions

TĂ©l.: 26 17 97 – 772

photo
Yann LOGELIN

Chargé de communication

Tél.: 26 17 97 - 773

photo
Lydia PALLUCCA

SekretÀrin

TĂ©l.: 26 17 97 – 774

photo
Lucie MAJERUS

Coordinatrice Ëmweltedukatioun

Tél.: 26 17 97 - 775

photo
Ricardo POEIRA

Coordinateur "Mission Net Zéro"

Tél.: 26 17 97 - 776

photo
Daniel CODELLO

Syndikats-SekretÀr

Tél.: 26 17 97 - 1

photo
Joé BARTHEL

Receveur

Tél.: 26 17 97 - 1

quote quote

De BĂŒro & de Kommitee vum PRO-SUD

De PRO-SUD

gëtt vun engem Kommitee administréiert an deem all Gemeng, déi Member ass,

duerch e Vertrieder aus hirem Gemengerot representéiert ass.

Den aktuelle BĂŒro an den aktuelle Kommitee:

DEN AKTUELLE BÜRO

member photo
Esch-Uelzecht

Christian Weis

President

card decoration
member photo
Déifferdeng

Erny Muller

Vizepresident

card decoration
member photo
Monnerech

Anouk Boever-Thill

Member

card decoration
member photo
Péiteng

Guy Brecht

Member

card decoration

DEN AKTUELLE KOMMITEE

member photo
Beetebuerg

Jean Marie Jans

Member

card decoration
member photo
Déifferdeng

Erny Muller

Vizepresident

card decoration
member photo
Diddeleng

Dan Biancalana

Member

card decoration
member photo
Esch-Uelzecht

Christian Weis

President

card decoration
member photo
KĂ€erjeng

Yves Cruchten

Member

card decoration
member photo
KÀl-Téiteng

Jean Weiler

Member

card decoration
member photo
Monnerech

Anouk Boever-Thill

Member vum BĂŒro

card decoration
member photo
Péiteng

Guy Brecht

Member vum BĂŒro

card decoration
member photo
Rëmeleng

Eldevin Muhovic

Member

card decoration
member photo
Suessem

Simone Asselborn-Bintz

Member

card decoration
member photo
Schëffleng

Paul Weimerskirch

Member

card decoration
quote quote

DE PLAN DIRECTEUR FIR DE SÜDEN

image image

D’Kreatioun vum PRO-SUD

No der Stolkris an dem Verschwanne vun traditionelle Unhaltspunkte besteet de Besoin d’Ekonomie vum SĂŒden nei auszeriichten. ZĂ«nter den 1980er Jore gĂ«tt iwwert eng Revalorisatioun vun der Geschicht an der ErĂ«nnerung un d’Stolindustrie vun de Gemengen, nationalen Administratiounen an der VerĂ€inswelt nogeduecht. 1989 entsteet esou d‘“Fondation Bassin Minier“, fir wĂ«ssenschaftlech, kulturell a sozial AktivitĂ©iten, dĂ©i dem Minett ze Gutts kommen ze initiĂ©ieren an ze begleeden.

Et ass allerdĂ©ngs eng global Approche nĂ©ideg, fir dĂ©i ekonomesch, sozial an ekologesch Liewensbedingungen an der SĂŒdregioun ze verbesseren. D’Wichtegkeet eng „gemeinsam Visioun“ ze schafen, gĂ«tt vun den Ă«ffentlechen Acteuren erkannt. D’Fro, wat mat de Frichen, dĂ©i vun der Stolindustrie iwwereg bliwwe sinn, geschĂ©ie soll war a muncher Hisiicht den AuslĂ©iser fir en Debat iwwert d’Zukunft vun der SĂŒdregioun. Parallel dozou existĂ©ieren awer nach aner Avantagen, dĂ©i fir d’Erstelle vun engem gemeinsamen EntwĂ©cklungsplang fir de SĂŒde schwĂ€tzen. DĂ©i interkommunal Zesummenaarbecht an eng grenziwwerschreidend Dimensioun fĂ€nken un lokal Acteuren z’interessĂ©ieren, dĂ©i sech Suergen Ă«m d‘“LiewensqualitĂ©it vun den Awunner“ maachen. Op nationalem Plang besteet de WĂ«llen a punkto Landesplanung op de Wee vun enger regionaler Approche ze goen.

Divers Instrumenter fir eng regional Entwécklung gi geschaf:

Mee 1999: D’Landesplanungsgesetz vum 31. Mee 1999 encouragĂ©iert Gemenge fir interkommunal Syndikater ze grĂ«nnen, dĂ©i eng harmonesch an nohalteg EntwĂ©cklung vun de festgeluechte Regiounen ermĂ©igleche sollen. D‘EntwĂ©cklung vum SĂŒde gĂ«tt vum Staat kloer priorisĂ©iert.

Juli 1999: De LandesplanungsministĂšre bedeelegt sech aktiv un der Kreatioun vun engem „regionalen Observatoire fir de SĂŒden“. D’Gemengen aus der Regioun an de MinistĂšre Ă«nnerschreiwen eng Konventioun, duerch dĂ©i den „ORESUD“ gegrĂ«nnt gĂ«tt, dee se gemeinsam finanzĂ©ieren. DĂ«sen techneschen Outil am DĂ©ngscht vun de Gemenge soll d‘Ëmsetzung a Kontroll vun der regionaler Politik vun der Regierung am BerĂ€ich Statistik a Kartographie ermĂ©iglechen. Et ass e frĂ€iwĂ«llege SchrĂ«tt am BerĂ€ich vun der Zesummenaarbecht tĂ«scht de Gemengen.

2000: De LĂ«tzebuerger Staat an de Stolproduzent Arbed grĂ«nnen d’EntwĂ©cklungsgesellschaft Agora. Hir Aufgab ass et, dĂ©i frĂ©ier Stolsitten am SĂŒde vu LĂ«tzebuerg, virop de Belval, nei ze beliewen. Et geet hei Ă«m d’Plangen an d’Baue vun engem modernen, dynamesche Quartier op engem Deel vum frĂ©iere Site vun der Arbed Belval mat engem Modal Split vu 40/60 tĂ«scht Ă«ffentlechen Transport an Auto.

2002: De Fonds Belval gĂ«tt gegrĂ«nnt. Als Etablissement public ass de Fonds Belval responsabel fir d’RealisĂ©ierung vun der « CitĂ© des Sciences, de la Recherche et de l’Innovation » um Belval. De politesche WĂ«lle war eng Viraussetzung, fir aus dĂ«sem ale Stolsite, wou sech fir d’éischt d’Finanzindustrie mat der Dexia-BIL implantĂ©iert huet, zum Standuert vun der LĂ«tzebuerger UniversitĂ©it ze maachen.

Mee 2003: E Joer drop schlĂ©isse sech d’Gemengen aus dem LĂ«tzebuerger SĂŒden an engem Gemengesyndikat zesummen. D’Statute vum PRO-SUD ginn den 19. Mee 2003 ugeholl.

butterfly