ℹ️ Wärmepompel - Eng ekologesch an accessibel Solutioun 🚶 MINETT TRAIL - 90 km fir eist Biosphärereservat z'entdecken 🍒 Tutti Frutti - Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

Valorisatioun vun de Minetter Bongerten

De Syndicat PRO-SUD fiert viru mat sengen Initiative fir d’Gemengebongerten aus der Minett UNESCO Biosphere. Dës Uebstgäert si Plaze fir sech auszetauschen a fir méi iwwer lokal Ernierung an d’Lutte géint Liewensmëttelverschwendung gewuer ze ginn. Dës Ierwen u Planzen an Iesskultur bitt doriwwer eraus e Raum fir d’Erhale vun der Biodiversitéit an als Frëschloftinselen an der Häerzer vun den urbane Ballungsgebitter.

Nom Lancement vun enger interaktiver Kaart am Joer 2022, ginn déi kommunal Bongerte vun der Minett UNESCO Biosphere elo alleguerten op déi selwecht Manéier beschëldert, huet de Georges Mischo, President vum PRO-SUD, deen dat eenzegt Lëtzebuergescht Biosphärereservat geréiert, de Moien op enger Pressekonferenz erkläert. Déi regional uniformiséiert Schëlder wäerten et méi einfach maachen d’Entréeë vun de Bongerten ze fannen, d’Gemengenaarbechter beim Ophänke vun de giele Bänner entlaaschten an informéieren d’Visiteure vun de Bongerten doriwwer eraus iwwer déi verschidden Zorten un Uebst, déi hei ze fanne sinn.

© Ville de Dudelange / Ville de Dudelange / PRO-SUD / PRO-SUD / natur & ëmwelt / Sicona

De Landwirtschaftsminister Claude Hagen huet a senger Ried op de Succès an d’Wichtegkeet vum Projet „Gielt Band“ am Kampf géint Liewensmëttelverschwendung verwisen. 66 Gemengen aus dem ganze Land sinn 2023 beim Projet „Gielt Band“ mat vun der Partie. Hien huet awer och déi aner Mesuren am Beräich vum Anti-Gaspi vun der Lëtzebuerger Regierung presentéiert an ënnerstrach, datt dëse Sujet an Zäite vu knappe Ressourcë wichteg ass a bleift.

D‘Myriam Bentz vum Landesplanungsministère, deen dëse Projet mat finanzéiert huet, huet an hirer Ried betount, d’Valorisatioun vu Gréngraim eent vun den Haaptziler am neie Plan directeur de l’aménagement du territoir (PDAT) ass. Bongerte kënnen hëllefen fir d’Suitte vum Klimawandel ofzefierderen, well duerch si, och am urbane Raum, Fläche kënne geschaf ginn, déi sech manner ophëtzen. An de Bongerten gëtt d‘Biodiversitéit vun der Stad erhalen an duerch si entstinn nei Méiglechkeete fir sozial Kontakter tëscht den Awunner aus der Noperschaft vun de Bongerten ze schafen. D’Anouk Boever-Thill, Vertriederin vun der Gemeng Monnerech am PRO-SUD-Comité, huet hirersäits iwwer déi kommunal Politik a punkto Developpement vu Bongerte geschwat an d’Bedeitung vum der regionaler Approche fir d’Valorisatioun vu Gréngflächen ënnerstrach.

Weider Sujeten op der Pressekonferenz waren déi verschidde Funktiounen déi d’Bongerte vun der Minett UNESCO Biosphere am Kader vum Biodiversitéit assuréieren. Dës Sujete sinn op der Pressekonferenz vun den Experte Richard Dahlem vun natur&ëmwelt, Roger Dammé vum Mouvement Ecologique a Fernand Klopp, Direktor vum Ëmweltschutzsyndikat SICONA erkläert ginn.

De Richard Dahlem huet a senger Interventioun d’Wichtegkeet vu Bongerten a punkto Erhalt vu alen a lokalen Uebstzorten ervirgehuewen. Uebstzorten, déi eventuell besser mat Schädlingsbefall a Klimawandel kéinten eens ginn. Fir de Roger Dammé war et den Aspekt, datt ëffentlech Bongerte chimiefräi Réckzuchsgebidder fir Insekten a Bestëbser sinn, déi ëmmer méi ënnert dem Asaz vu Pestizide leiden. De Fernard huet fir den Ofschloss vun der Pressekonferenz de Sicona-Projet vum Steekauz virgestallt. D’Populatioun vun der klengster Eilenzort aus dem Land, där hire Liewensraum virrangeg Bongerte sinn, konnt duerch den Asaz vum Ëmweltschutzsyndikat net just gerett ginn, mä vu 7 op ronn 30 Koppelen, déi hei am Land bréien, gesteigert ginn.

Pressedossier mat all den Detailer (op franséisch)