2001 huet d’UNESCO decidéiert, datt de 6. Oktober vun all Joer den internationalen Dag vun der Geodiversitéit ass. Et ass en Dag, dee weltwäit duerfir genotzt gëtt de Mënschen d’Natur mat all hire Facetten nees méi no ze bréngen. Op dësen Dag soll iwwer déi verschidden Aspekter a Funktiounen, déi d’Geodiversitéit huet, ze informéieren, an ze verstoe firwat et wichteg ass eis Geodiversitéit ze schützen.
Wat ass Geodiversitéit?
Geodiversitéit ass den abiotesche Equivalent vun der Biodiversitéit a beschreift d’Diversitéit vu geologeschen, geomorphologeschen, pedologeschen an hydrologeschen Eegenaarten a Prozesser.
D’Geodiversitéit besteet also aus Mineralien, Fielsen, Sedimenter, Fossilien, Buedem, Waasser, Landformen, tektonesch Elementer an hire Strukturen an Arrangementer. Si ëmfaasst all natierlech Prozesser, déi virun op d’Material oder d’Form awierken, ënnerhalen oder änneren (z.B. Tektonik, Erosioun, …). Mënschlech Agrëffer a Prozesser gehéieren net dozou.
Biodiversitéit a Geodiversitéit forméieren déi natierlech Diversitéit vun eisem Planéit.
Internationalen Dag vun der Geodiversitéit zu Lëtzebuerg
Zu Lëtzebuerg ginn dëst Joer, tëscht dem 6. an 8. Oktober eng Rei Evenementer organiséiert, déi jidderengem en Abléck an d’Geodiversitéit vun eisem Land solle bidden. Dat an der Stad, am Unesco Global Geopark Mëllerdall an der Minett UNESCO Biosphere an och zu Maartel.
Naturwanderungen, Visites guidées, ënnerierdesch Entdeckungsreesen a Konferenzen… Wärend den Deeg vun der Geodiversitéit ass fir jiddereen eppes dobäi.
D’Evenementer gi vum ‘naturmusée’ an enker Zesummenaarbecht mat der Lëtzebuerger UNESCO Kommissioun, der Minett UNESCO Biosphere an dem UNESCO Global Geopark Mëllerdall organiséiert. Weider Partner bei den Deeg vun der Geodiversitéit si ProGeo (International association for the conservation of geological heritage), de Musée de l’Ardoise Martelange an d’Association Géologique du Luxembourg (AGL).
Wéi eng Evenementer proposéiere mir?
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |