Offiziell Presentatioun am ‘naturmusée’
A Presenz vum Landesplanungsminister Claude Turmes, dem Romain Becker, Member vum Büro vum Gemengesyndikat PRO-SUD, der Simone Beck, Presidentin vun der Lëtzebuerger Kommissioun fir d’Zesummenaarbecht mat der UNESCO, dem Patrick Michaely, Direkter vum ‘naturmusée‘, dem Roland Kayser, vun den Éditions Phi, an den zwee Auteuren Davide S. Sapienza a Robert Weis, war en Donneschdegowend déi offiziell Presentatioun vum éischte geopoetesche Reescarnet vun der Minett UNESCO Biosphere.
Nom offiziellen Deel hunn déi zwee Auteuren, déi och Extraiten aus hirem Buch gelies hunn, zousätzlech Froen zum Entstoe vum éischte geopoetesche Buch iwwert d’Minett UNESCO Biosphere beäntwert.
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
Liesung zu Esch
Um Freideg stoung eng Liesung mat den zwee Auteuren an der Escher Librairie Diderich um Programm. No der Lecture vun ausgewielten Extraiten, op Franséisch an Englesch, aus dem Buch, hunn den italieneschen Auteur, Davide Sapienza an de Lëtzebuergesche Wëssenschaftler, Robert Weis, Froen aus dem Public beäntwert.
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
Geopoetesch Wanderung zu Rëmeleng
Fir den Ofschloss vun der offizieller Presentatioun vum Buch, haten d’Minett UNESCO Biosphere an de Musée National des Mines de Fer zu Rëmeleng op eng geopoetesch Wanderung op de Spuere vu „Rocklines – A geopoetic journey across the Minett UNESCO Biosphere“ invitéiert.
Op engem Trajet vu ronn 5 Kilometer Längt goung et, zesumme mam Davide Sapienza an dem Robert Weis, an d’Kärzon „Léiffrächen“ vun der Minett UNESCO Biosphere. Nieft den Andréck, déi d’Natur hei vermëttelt huet, hunn déi zwee Schrëftsteller aus hirem geopoetesche Reescarnet gelies an Erklärungen iwwert déi geologesch Entstehungsgeschicht vum Minett ginn.
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |