De Syndicat PRO-SUD sicht en(eng) Vollzäit Employé(e) communal / Fonctionnaire A1 oder A2 fir d’Fonctioun vum
Coordinateur général
Kontext:
Am Kader vu senger regionaler Missioun sicht de Syndicat PRO-SUD Syndikat en erfuerene Generalkoordinator.
Missiounen:
- D’Promotioun vun der Visioun, der Missioun an de strategeschen Ziler vum PRO-SUD an d’Supervisioun vun de Collaborateure vum Syndikat.
- D’Assuréiere vun de Missiounen als Koordinator vum Biosphärereservat.
- Initiéieren a koordinéiere vu Aktivitéiten a Projeten, besonnesch innovativen, déi déi regional Approche an engem nationalen an och grenziwwerschreidende Kontext vun der PRO-SUD Regioun konkretiséieren.
- D’Koordinatioun vun Aktioune vum Syndicat PRO-SUD am Beräich vun der strategescher a finanzieller Planung.
- Eng effikass Koordinatioun vu senger Aarbecht an d’Opstelle vun engem Aktivitéitsplang, vun engem Joresaarbechtsplang fir d’Personal, vu Mechanismen déi e Suivi an eng Evaluatioun erlaben an erstelle vu Rapporten.
- Organisatioun a Suivi vun den etabléierte Reunioune vun Aarbechtsgruppen.
- Entwécklung vun effiziente Kommunikatiounsmechanismen tëscht de verschiddenen Projetspartner (ëffentlech, privat, associativ a Bierger) vum Syndicat.
- Sich no europäeschen an nationale Finanzéierungsméiglechkeete fir regional Projeten an de Suivi vun de Projete garantéieren.
- Kenntnisser an der Elaboratioun an der Gestioun vum Budget vun engem interkommunale Syndikat.
- D’Interesse vun den 11 Gemengen aus der Südregioun op nationalem Niveau an an den internationale Biosphärenreservaten representéieren.
Profil:
- Universitéitsdiplom am Zesummenhang mat den Tâchen, déi ze realiséiere sinn.
- De préférence 3 bis 5 Joer Erfarung.
- Teammanagement.
- Fäegkeet fir ze katalyséieren a kreativ ze denken.
- Planung, Organisatiounstalent a administrativ Genauegkeet.
- Flexibilitéit, Disponibilitéit, Autonomie.
- Initiativgeescht.
- Wëssen iwwer kommunal an national Instanzen, esou wéi d’Institutioune vun der Groussregioun si vu Virdeel.
Sproochenufuerderungen:
Gutt mëndlech a geschriwwene Connaissancen am Franséischen, Däitschen an Engleschen. E gudden Niveau am Lëtzebuergeschen ass indispensabel.
Dokumenter déi “OBLIGATORESCH” mat der Kandidatur eranzeschécke sinn:
- Eng rezent Gebuertsurkund an, wann néideg, en Acte de mariage.
- Eng Kopie vun der Identitéitskaart respektiv vum Pass.
- E rezenten Extrait aus dem Casier judiciaire. Bulletins N°3, N°4 an N°5.
- D’Originaler oder Kopië vun den néidegen Diplomer an Zensuren.
- En detailléierte Curriculumm Vitae (genau Periode vun de Studien an de fréiere Beruffer).
- Eng rezent Passfoto.
D’Kandidate mussen hir Kandidatur mat all de gefuerderten Dokumenter bis spéitstens den 14. Februar 2025 un de Bureau vum Syndicat PRO-SUD, c/o Sekretär schécken.