Mission Zéro Carbone Minett Mash-Up: De Podcast Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

Minett Mash-Up: Episod 21 – Robyn Wehles @ Minett Park Fond-de-Gras

Lieweg Industriegeschicht matten an der Natur

 

D’Joer 2024 wäert bei eisem Podcast ganz am Zeeche vun der Industriekultur an dem industriellen Ierwe vun eiser (Grouss-)Regioun stoen. Mir ginn op d’Sich no Sitten a Gebaier, déi direkt mat der Eisenäerz- a Stolindustrie zesummenhänken, probéiere Gäscht ze fannen, déi aktiv an dëser Industrie geschafft hunn oder sech mat Häerz a Séil an hirem Alldag fir den Erhalt vun deem Patrimoine asetzen, dee charakteristesch fir eis Regioun ass.

Dir sidd natierlech och an dësem Joer nees op dat häerzlechst invitéiert eis Rees duerch de Süde vu Lëtzebuerg ze begleeden. Op déi Manéier kënnt Dir eventuell nei Plazen entdecken oder Detailer iwwert dës Plaze gewuer ginn, déi Dir esou nach net kannt hutt.

Mam Choix vun eise Gäscht hoffe mir Iech, doriwwer eraus, och e puer eenzegaarteg Perséinlechkeeten aus dem Lëtzebuerger Süden an der Grenzregioun méi no ze bréngen, déi sech all op hir Manéier fir d’Industriekultur, mä och fir d’Zesummeliewen an den Erhalt vun eisen aussergewéinleche Landschaften asetzen.

Eis Minett Location vum Mount: De Minett Park Fond-de-Gras

Fir de Januar-Episod vum “Minett Mash-Up” huele mer Iech mat an e klengt Dall, wat net wäit vum Dräilännereck Lëtzebuerg-Frankräich-Belsch un der Grenz tëscht de Gemengen Déifferdeng a Péiteng läit. Et geet an de Fond-de-Gras.

Bal honnert Joer laang war dës Plaz am Südweste vu Lëtzebuerg ee vun den Zentre vum Minett-Ofbau mat enger ganzer Rei verschiddene Societéiten, déi hei Konzessiounen haten an d’Eisenäerz aus dem Bierg geholl hunn. 1955 mécht déi lescht Galerie am Fond-de-Gras zou, tëscht 1974 an 1978 gëtt am Dall awer nach emol am Dagebau Minett ofgebaut.

Haut ass de Fond-de-Gras, zesumme mam Dierfche Lasauvage, de Minett Park, en Open-Air-Musée an deem méi ewéi d’Erënnerung un eis Mineuren a Galerien um Liewe gehale gëtt. Mam Train1900 an der Minièresbunn Doihl sinn direkt zwee Eisebunnsveräiner am Dall doheem, déi historescht Material restauréieren an engem breede Publikum zougänglech maachen.

Donieft gehéieren awer och den Tëtelbierg, eng vun de wichtegste keltesche Stied a pre-réimescher Zäit an de Giele Botter, e fréiert Dagebaugebitt, wat haut zu de Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere gehéiert zum Minett Park.

Eise Gaascht: Robyn Wehles

Zënter engem gudde Joer ass d‘Robyn Wehles, wat 2014 am Kader vu sengem Studium en éischte Stage am Fond-de-Gras gemaach hat an zënter 2016 zur Ekipp vum Minett Park gehéiert huet, elo Directrice vun dëser aussergewéinlecher Plaz.

Mam Robyn beliichte mer, an der Wanterpaus vum Minett Park, dee seng Aktivitéite fir de Public vum 1. Mee bis Enn September organiséiert, d’Vergaangenheet, d’Géigewaart an d’Zukunft vum Minett Park. Mir gi gewuer firwat d’Robyn am déiwe Minett gelant ass. Mir kréien éischt Detailer an de Programm vun der Saison 2024 an dir gitt gewuer, wéi d’Robyn et fäerdeg bréngt seng Aarbecht a säi Privatliewe mateneen ze kombinéieren.

Eist Gespréich ass an der Epicerie Victor Binck, déi Enn vun den 1980er aus dem Zentrum vun Déifferdeng an de Fond-de-Gras geplënnert gouf, opgeholl ginn, eng Plaz am Minett Park, déi dem Robyn besonnesch um Häerz läit an déi eng laang an interessant Geschicht z’erzielen huet, déi mer an dësem Episod vum „Minett Mash-Up“ natierlech och beliichten.

© Industriekultur-CNCI / Minett UNESCO Biosphere

Eise Quiz:

Den Tëtelbierg war eng vun de wichtegste Stied vum keltesche Stamm vun den Treverer oder Trevirer, éier se vun de Réimer eruewert goufen an Tréier zu wichtegster Stad an der Regioun ginn ass. Wat huet den Numm vun deem Stamm da bedeit?

  1. E mécht Referenz op déi 3 Kinneksfamillen, déi de Stamm zesumme gefouert hunn.
  2. Et ass den Numm vun der Haaptgottheet, déi vun dësem Stamm veréiert gouf.
  3. E bedeit, datt si de Stamm waren, deen iwwert / duerch e Floss gaangen oder gefuer ass.

 

An der Wëssenschaft geet een dovunner aus, datt een dat keltescht trē-uer-o- an seng Eenzeldeeler trē- fir „duerch“ a „ver-o“ fir „Floss“ oder „Waasser“ (Sanskrit: vär = Waasser) opdeelen kann. Well d’Musel duerch den Territoire vun dësem keltesche Stamm gefloss ass, a si op béide Säiten vum Floss doheem waren, wier dat eng Erklärung fir hiren Numm.

A wei engem Joer huet den Äerdrutsch, op der Eisebunnslinne Fond-de-Gras – Péiteng, definitiv all Eisebunnsaktivitéit op en Enn bruecht?

  1. 1952
  2. 1964
  3. 1949


Steampunk ass een populäre Genre a Stil vun der Popkultur, deen ursprénglech aus dem literaresche Genre kënnt a vu Science Fiction Schrëftsteller wéi Jules Verne an H. G. Wells gepräägt gouf an deen haut vill Unhänger huet. D’ Thematiken, déi an de Steampunk-Welte virkommen, spillen an der Viktorianescher Zäit (1840-1900), wéi d’Industrialiséierung ugefaangen huet an et existéiere vill Steampunk-Variatiounen. An hei ass d’Fro: Wéi eng vun dëse Variatioune gëtt et net?

  1. Teslapunk
  2. Cowpunk
  3. Stonepunk

 

Links bei d’Sujete vun dësem Episod:

  • Mutations 8 – Ausféierlecht Buch iwwert de Fond-de-Gras vun der Fondation Bassin Minier
  • Minett Park Fond-de-Gras – offiziell Homepage vum Open Air Musée
  • Épicerie Victor Binck – Historesch Epicerie, déi aus dem Zentrum vun Déifferdeng an de Fond-de-Gras geplënnert gouf
  • Lasauvage – Historescht Mineursduerf an engem klengen Dall un der franséisch-lëtzebuerger Grenz
  • Giele Botter – fréiert Dagebaugebitt, wat haut ënner Naturschutz steet an eng vun de sechs Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere ass
  • Tëtelbierg – Kopp op där am 1. Joerhonnert viru Christus e wichtege kelteschen Oppidum entstanen ass
  • AMTF Train 1900 – Veräin, deen historesch Zich renovéiert an tëscht Péiteng an dem Fond-de-Gras fuere léisst
  • Brasserie „Bei der Giedel“ – Restaurant am Fond-de-Gras, deen 1881 seng Dieren opgemaach huet
  • Polenta – typesch italieenesche Plat, deen iwwert d’Immigratioun aus Italien de Wee op Lëtzebuerg fonnt huet
  • Hall Paul Wurth – Elektrizitéitszentral vun der Firma Paul Wurth, déi aus der Stad an de Fond-de-Gras transferéiert gouf
  • Train de Laminoir – Walzstrooss, déi bis 1989 op de Schmelz um Belval am Asaz war
  • Minièresbunn „Doihl“ – Veräin, dee vum Fond-de-Gras aus duerch eng al Galerie mat engem Zuch op Lasauvage fiert
  • Treverer – keltesche Stamm, deen um Gebitt vu Lëtzebuerg doheem war
  • Numm vum Fond-de-Gras – Den Numm setzt sech aus engem franséischen Deel „fond“ an engem Lëtzebuergeschen Deel „Gras“ zesummen
  • Blues Express – grousse Museksfestival am Fond-de-Gras an zu Lasauvage. Den 13. Juli 2024 ass déi 20. Editioun vum Blues Express
  • Blog vum Minett Park Fond-de-Gras – Vill nëtzlech Informatiounen zu allem, wat een am Minett Park entdecke kann
  • Anno1900 Steam Punk Convention – grousse Festival am Fond-de-Gras deen all Joer um leschte Weekend am September ass
  • Nicolas Tesla – Erfinder a Pionéier um Gebitt vun der Elektrizitéit

 

Kontaktéiert eis:

+352 26 17 97 1