Eng Helleg, eng Kënschtlerin, eng Auer a méi
Och an dësem Mount si mir nees am Minett ënnerwee a maache Statioun an der Escher Kulturfabrik. Et geet an dësem Episod awer net iwwer déi beweegte Geschicht vun der Kulturinstitutioun, déi sech an de leschte 40+1 Joer eng fest Plaz an der kultureller Landschaft vun Esch, der Regioun an dem Land geséchert huet. Et geet vill méi riets iwwert eng Traditioun, déi och iwwer 40 Joer no der Fermeture vun der leschter Minière am Land nach ëmmer, virun allem am Minett gefeiert gëtt: de Bärbelendag.
Déi helleg Bärbel ass d’Patréinesch vun de Mineuren, an anere Beruffsstänn, an hiren Dag gëtt all Joer de 4. Dezember gefeiert. An de leschte Joren erliewen d’Bärbelfeieren esouguer eng Zort Renaissance. Virun deem Hannergrond hunn sech och den CNCI an d’Kulturfabrik decidéiert de Bärbelendag mat engem spezielle Programm an der Kufa ze feieren.
Dësen Owend steet am Mëttelpunkt vun eisem Gespréich mam Trixi Weis, wat extra fir de Bärbelendag am alen Escher Schluechthaus eng Bärbelstatu kreéiert huet, déi am Kader vun enger Pressessioun de 4. Dezember duerch d’Kulturfabrik wäert gedroe ginn.
Eise Gaascht: Trixi Weis
D’Trixi Weis, Joergang 1967, ass zënter laange Joren zu Esch doheem. No hirem Studium an der Belsch huet d’Trixi iwwer 10 Joer laang an der Tschechescher Republik gelieft a geschafft, éier d’Kënschtlerin Uganks vun den 2000er Joren nees op Lëtzebuerg komm ass.
Hei huet d’Trixi Weis sech séier en Numm gemaach mat hire Konschtinstallatiounen an och mat hire Bünebiller. Bis ewell huet d’Trixi iwwer 40 verschidde Bünebiller fir all d’Theateren a vill aner Kulturhaiser am Land geschaf. Och wann d’Konscht vum Trixi dacks ephemère ass, esou gëtt et Installatioune vun der Kënschtlerin déi permanent sinn an déi all Mënsch hei am Land kennt. Ee Konschtwierk ass d’City-Clock um Kierchbierg, iwwert déi mer natierlech och mat der Kënschtlerin geschwat hunn.
Aner Sujete vun dësem Episode vun eisem Wanderpodcast sinn dem Trixi seng Joren zu Prag an natierlech dem Trixi seng Performance fir de Bärbelendag an der Kulturfabrik um Mëttwoch, de 4. Dezember.
Websäit vum Trixi Weis |
|
|
Eis “Minett-Location” vum Mount: Kinosch
D’Kulturfabrik ass e Centre Culturel, deen am ganze 4500m2 grouss ass an an deem et nieft zwee Säll fir Concerten a Veranstaltungen, e Bistro an e Restaurant gëtt. Et gëtt och Proufraim an esouguer e klenge Kino: de Kinosch.
Vun 1983 bis 2016 gëtt am Kinosch eng reegelméisseg Programmatioun gewisen an et ass nieft dem Ariston ee vun zwee Kinoen um Gebitt vun der Stad Esch. Zënter 2016 gëtt de Kino just nach sporadesch fir d’Projektioun vu Filmer, mä och fir aner Evenementer genotzt.
Wou d’Kulturfabrik nach e Schluechthaus war, war de Kinosch iwwregens déi Plaz wou d’Heizungsanlag vum Schluechthaus ënnerbruecht war.
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
© Minett UNESCO Biosphere /CNCI
Links bei d’Sujete vun dësem Episod:
- Uni Lëtzebuerg: Offiziell Websäit vun der Universitéit
- Vëlodukt: Vëlos- a Foussgängerbréck, déi den Zentrum vun Esch mam Quartier Belval verbënnt
- Rout Lëns: Deel vun der fréierer Schmelz „Terres Rouges » op deem aktuell en neie Wunnquartier entsteet
- La Cambre: École nationale supérieure des arts visuels an der Belsch
- Fluxus: Kënschtlerkollektiv, deen an den 1960er an 1970er duerch seng avantgardistesch Iddien op sech opmierksam gemaach huet
- CAL – Cercle Artistique de Luxembourg: Asbl, där hiert Zil et ass, d’Konscht an hir Entwécklung zu Lëtzebuerg ze fërderen
- Jean-Guillaume Weis: Lëtzebuerger Dänzer, Brudder vum Trixi Weis
- City Clock: Konschtwierk vum Trixi Weis op der Avenue John F. Kennedy um Kierchbierg
- Kulturfabrik: Kuerzform: Kufa; Centre Culturel zu Esch um Site vum fréiere Escher Schluechthaus
- Kinosch: Kinossall um Site vun der Kufa
- Steve Karier: Lëtzebuerger Acteur, deen an den 1990er och kuerzzäiteg Direkter vun der Kufa war
- Bärbelendag: 4. Dezember, deen Dag op deem d’Mineuren hir Schutzpatréinesch gefeiert hunn
- Esch2022: 2022 war d’Stad Esch, zesumme mat den 10 anere Gemenge vun der Minett Biosphere an den 8 Gemengen vun der Communauté de Communes Pays Haut Val d’Alzette (CCPHVA) europäesch Kulturhaaptstad
- Kamelleschmelz: Projet, deen d‘Trixi Weis am Kader vun Esch2022 realiséiert huet
- Metz: Haaptstad vum franséischen Departement Moselle. Déi Helleg Bäerbel ass d’Schutzpatréinesch vun der Stad Metz
- AAPL: Association des Artistes Plasticiens du Luxembourg
- Bourse documentation d‘artiste: Finanziell Ënnerstëtzung vu Kultur_LX fir et Artisten z’erlaaben hiert Schafen ze dokumentéieren
- Luxembourg Art Week: Konschtrendez-vous, deen all Joer am November ass
Kontaktéiert eis:
![]() |
![]() |
![]() |