De Patrimoine lieweg halen
No eisem Ausfluch virum engem Mount an d’Welt vun der Meteorologie si meram Mee nees ënnerwee fir dat industriellt Ierwe vun eiser Eisenindustrie z’entdecken. No Ausflich an d’Saarland an och an d’Gaume si mer dëse Mount an der Lorraine.
Den Haaptgrond ass d‘Reprise vum Theaterstéck „Leurs enfants après eux“, den nächste Mount am Escher Theater, en Theaterstéck, wat um Roman mam selwechten Numm vum franséischen Auteur Nicolas Mathieu baséiert. Et ass eng éischte Kéier am Kader vun Esch2022 opgefouert ginn a spillt am Norde vun der Lorraine zum Zäitpunkt vun de Fermeturen vun de Stolwierker an de fréien 1990er.
Eis „Minett-Location“ vum Mount: Parc du Haut Fourneau U4
Uckange, um Enn vun der „Vallée de la Fensch“ an direkt un der Musel geleeën, tëscht Diddenuewen a Metz, war laang Joren ee vun de Standuerter vun der loutrengescher Eiseproduktioun. 1991 ass d’Schmelz zu Uckange, no laangen ekonomesche Schwieregkeeten awer zougemaach ginn. Quasi direkt duerno ass ugefaange ginn déi al Schmelz ofzerappen. Eng ganz Rei Gebaier sinn esou Affer vum Bagger ginn, éier sech d‘Associatioun „Mécilor“ gegrënnt huet, déi sech aktiv fir den Erhalt vum Site agesat huet an d’Demolitiounsaarbechte stoppe konnt.
Mam Héichuewe 4, dem U4, konnt esou ee vun den am ganze sechs Héichiewe vun der Schmelz gerett ginn. Haut ass dës 71 Meter héich industriell Konstruktioun en Zeien, deen un déi loutrengesch Eisenindustrie erënnert an deen, dat gitt Dir an dësem Episod vum Minett Mash-up gewuer, eenzegaarteg a senger Manéier fir ze funktionéiere war.
Eise Gaascht: Jean Larché
De Jean Larché ass e pensionéierte Schmelzaarbechter, dee wuel ni zu Uckange selwer, duerfir awer e Beruffsliewe laang an der Schmelz vun Hayange geschafft huet. Vum Léierbouf bis zum Kader huet hien do eng komplett Carrière gemaach, déi vun Héichten an Déifte gezeechent war, op déi hien awer, zesumme mat eis, houfreg zeréckgekuckt huet.
No sengem Aarbechtsliewen huet hien ugefaange sech fir d’Industriekultur staark ze maachen an haut ass hien de President vu Mécilor, déi sech ëm den Erhalt vum industriellen Ierwen am Norde vun der Lorraine këmmeren, Dokumenter vun an aus de Schmelze sammelen an digitaliséieren a mat hire Benevolle reegelméisseg Visiteuren iwwert de Site vum U4 zu Uckange féieren.
Nieft dem Jean Larché hu mer eis an dësem Episod awer och nach kuerz mam Juliette Gehin iwwert de „Jardin de Transformation“ ënnerhalen. Hei gëtt, an engem Projet vun der Université de Lorraine, ënnersicht mat wéi enge Planzen de verknaschte Buedem vun enger Schmelz op eng natierlech Manéier sanéiert ka ginn. D’Juliette Gehin konnt eis e klengen Abléck an dësen – eventuell och fir de Minett – interessante wëssenschaftleche Pilotprojet ginn.
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
© Minett UNESCO Biosphere / CNCI
Eise Quiz:
D’Schmelz zu Uckange ass zu engem Zäitpunkt gegrënnt ginn, wou Loutrengen Däitsch war. Mä déi Däitsch hunn nach laang net all d’Eisenäerz benotzt fir et ze verschaffen. Firwat war dat esou?
Si hunn d’Minette am Ufank net benotzt, well ze vill Phosphor an der Minette ass. Eréischt nodeems et méiglech war de Phosphor industriell aus dem Eisenäerzze huelen, ass en am grousse Stil benotzt ginn.
Wéi al huet e Schmelzaarbechter a Frankräich an den 1980er musse sinn, fir an d’Pensioun däerfen ze goen?
- 50
- 60
- 64
Links bei d’Sujete vun dësem Episod:
- Parc du Haut Fourneau U4: Homepage vum Site zu Uckange
- Aktivitéiten ronderëm den U4: Agenda vum Site zu Uckange fir de Summer 2024
- Leurs enfants après eux: Theaterstéck, wat am Juni nach emol zu Esch am Theater gespillt gëtt
- Leurs enfants après eux: Roman vum franséische Schrëftsteller Nicolas Mathieu, deen 2018
- Mécilor: Associatioun, déi sech fir den Erhalt vun Industrieierwen a Loutrengen asetzt
- D’Schmelz vun Uckange: Site mat Informatiounen iwwert d’Geschicht vun dëser Schmelz
- D’Eisenindustrie an der Lorraine: Site mat Détailler iwwert d’Minnen an d’Schmelze vun der Regioun
- Jardin de transformation: Projet vun der Université de Lorraine fir mat Planze verknaschte Buedem op industrielle Sitten ze sanéieren
Kontaktéiert eis:
![]() |
![]() |
![]() |