Réck- an Ausbléck
Fir den Ofschloss vum Joer kucke mer zeréck op eis Highlighte vum Joer a proposéieren Iech e puer kuerz Extraiten aus där enger oder anerer Episod vum Minetter Wanderpodcast. Mär kucken awer och no vir op 2024, wou déi nei Ekipp vum IK-CNCI, déi Där an dësem Episod vum Minett Mash-Up komplett kenneléiert, eis am Roulement duerch dat industriellt Ierwe vum Minett an der Groussregioun wäert féieren.
Eis Gäscht: D’Ekipp vum Ik-CNCI
Nodeems d’Laurie am Fréijoer op London geplënnert ass an d’Jenny am Summer en neie beruffleche Challenge ugefaangen huet, huet d’Ekipp vum IK-CNCI am Laf vun dësem Joer komplett changéiert. Se ass och gewuess. Ewell schaffe 5 Persoune fir de Centre National de la Culture Industrielle.
An der zweeter Hallschent vum Episod kënnt Dir d’Anna, d’Delphine, d’Loréna, d’Maria an de Pascal kenneléieren an hei kënnt Dir Iech e Bild vun hinne maachen:
Nieft den neie Mataarbechter/inne vum IK-CNCI war awer och d’Jenny op Besuch. Mam Jenny hu mer virun allem op 2023 zeréck gekuckt. D’Laurie konnt leider net vu London erofkommen, fir bei eisem Réckbléck op d’Joer 2023 dobäi ze sinn.
Eise Quiz:
Wat mengt dir dann, ass 2023 de Chômage an d’Luucht gaangen oder erof?
Bad News – D’ Aarbechtslosenzuel ass dëst Joer an d’Luucht gaangen, ëm 15,4%, tëscht Oktober 22 an Oktober 23. (Zuele vun der Adem)
Wéi mengt dir gesäit et mam “Gender-Paygap” aus dëst Joer?
Besser News: Den “Gender-Paygap” ass zu Lëtzebuerg iwwerwonnen, allerdéngs ass dat bannent der EU just hei Land de Fall. Am europäeschen Duerchschnëtt läit en nach bei 12,7%, mat z.B. 17,6% an Däitschland, 15,4% a Frankräich a 5,0% an der Belsch. (offiziell Donnéeë vum STATEC)
An wéi vill Prozent vun de Leit, déi dëst Joer hei am Land geschafft hunn, sinn duerfir all Dag iwwer d‘Grenz gefuer?
Vun de 479.000 Beschäftegten zu Lëtzebuerg si 47% Grenzgänger (d’Hallschent dovunner aus Frankräich).
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
© Industriekultur-CNCI / Minett UNESCO Biosphere
Links bei d’Sujete vun dësem Episod:
- Kabaisercher vum Minett Trail: Iwwernuechtungsméiglechkeete laanscht den 90 Kilometer laange Minett-Trail
- Teena Lange: Gaascht am Episod vum Januar 2023
- Maxime Weber: Gaascht am Episod vum Mäerz 2023
- Julia Ruhmann: Gaascht am Episod vum Februar 2023
- Mahmoud Hashoush: Gaascht am Episod vum Juli 2023
- Industriekultur-CNCI: Centre National de la Culture Industrielle
- Konschthal: Ausstellungsplaz fir modern Konscht zu Esch-Uelzecht
- Lefèvre-Utile: Kichelchersfabrick aus der Bretagne
- ERIH: Netzwierk vu Sitten, déi sech mat der europäescher Industriekultur a -geschicht beschäftegen
- New European Bauhaus: urbanistesch Initiativ, déi d’Wunnen an europäesche Stied verännere soll
- Work It Out: ERIH-Projet bei deem den CNCI dëst Joer eng éischte Kéier matgemaach huet
- ERIH Annual Conference: Rendez-vous vun den ERIH-Memberen, deen 2022 Belval um Belval war
De Podcast gëtt realiséiert mat der Ënnerstëtzung vun:
![]() |
![]() |
![]() |
Kontaktéiert eis:
![]() |
![]() |
![]() |