Mission Zéro Carbone Minett Mash-Up: De Podcast Naturlab: Entdeckt de Minett Nature Explorer: Eis Ateliere fir Jonker
arrow
quote quote

Minett Mash-Up: Episod 12 – Philippe Morgado X Lasauvage

Patron vun der Start-up, déi d’Kabaisercher um Minett Trail geréiert 

 

Déi grouss Gemeinsamkeet vun all eise Podcasten an dësem Joer ass, datt mer um Minett Trail ënnerwee sinn. Zwou Woche virun der offizieller Aweiung vum 90 Kilometer laange Wanderwee duerch déi 11 Gemenge vun der Minett UNESCO Biosphere, interesséiere mir eis an dëser Episod vum Podcast ganz speziell fir de Minett Trail an nach méi am Detail fir d’Kabaisercher, déi op 11 verschiddene Plazen um Minett Trail stinn a geschwënn alleguer fir eng oder méi Iwwernuechtunge kënne gebucht ginn. 

Eise Gaascht: Philippe Morgado

Fir eis méi iwwert d’Kabaisercher ze verroden ass den Direkter vu Simpleviu, Philippe Morgado, eise Gaascht. Seng Start-up krut Uganks 2022 den Zouschlag fir d’Kabaisercher um Minett Trail z’exploitéieren. Dat maachen de Philippe a seng Mataarbechter an enker Koordinatioun mat den 11 Gemengen an deenen d’Kabaisercher leien, dem regionalen Tourismusbüro VisitMinett an anere Partner aus der Minett UNESCO Biosphere. 

© Julie Collini

Mam Philippe Morgado, dee Maschinnebau an Entreprenariat studéiert huet, schwätze mer iwwert säi Wee an d’Tourismusindustrie. Mir kucke mam Philippe zeréck op seng éischt Méint als Bedreiwer vun de Kabaisercher, no vir op d’Zukunft vum „slow tourism“ och zu Lëtzebuerg a potere mat him iwwert d’Konschtwierker an de Kabaisercher, Legenden an d’Industriekultur vum Lëtzebuerger Süden. 

Facebook Instagram

 

Eis Minett Location vum Mount: Lasauvage 

D’Gemeng Déifferdeng 

Lasauvage ass en Duerf vun der Gemeng Déifferdeng a mat ronn 400 Awunner eng vun de klengsten Uertschaften aus der Minett UNESCO Biosphere. Gewuess ass d’Zowaasch, wéi d‘Duerf op Lëtzebuergesch heescht, vum 17. Joerhonnert un, nodeems 1623 eng éischt Schmelz am Dall vun der Réierbaach opgemaach huet. D’Schmelz zu Lasauvage huet bis an d‘1870er Jore funktionéiert, éier d’Decisioun, dat ofgeleeënt Dall net un de Lëtzebuergesche Schinnereseau unzebannen dozou gefouert huet, datt déi industriell Aktivitéiten op Lonkech delokaliséiert goufen. 

Zu Lasauvage huet d’Minett awer virun eng wichteg Roll gespillt. Bis 1978 ass an de Galerie ronderëm Lasauvage Minett ofgebaut ginn an d’Iwwerreschter vum Biergbau sinn haut nach, an ënnerschiddlechste Facetten, am Duerf ze gesinn. 

D’Gemeng Déifferdeng, zu där Lasauvage gehéiert, besteet nieft der Zowaasch nach aus der Stad Déifferdeng an den Uertschaften Uewerkuer an Nidderkuer. Mat hire ronn 30000 Awunner ass Déifferdeng déi drëttgréisste Gemeng vu Lëtzebuerg. Déifferdeng ass en Industriestanduert mat engem Stolwierk, dat nach ëmmer a Betrib ass. Deeler vun der Schmelz, déi net méi gebraucht goufen, sinn awer ewell zu engem „Creative Hub“ ginn, an deem jonk kreativ Betriber hire Business opbaue kënnen. 

D’Kabaische vum Mount: La Sauvage 

D’Kabaische vum Mount heescht „La Sauvage“. Den Numm geet op d’Legend vun der wëller Fra zeréck, déi, éier d’Uertschaft Lasauvage entstanen ass, am Dall vun der Réierbaach hiert Onwiese gedriwwen huet. 

An dëser relativ grousser Kabaischen, déi an engem ale Mineurshaus ënnerbruecht ass, fënnt een 3 Zëmmer mat am ganze 7 Better. D’Bannenariichtung ass, nodeems d’Haus komplett entkäert gouf, am „Box-in-a-Box“-System gebaut ginn. 

Un de Maueren vun der Kabaischen si grouss Fresken aus Leem ze gesinn, déi vun der lokaler Kënschtlerin Léa Schroeder realiséiert goufen. Dës Biller weisen engersäits d’Legend vun der „femme sauvage“ an anerersäits Zeenen aus der Zäit, wou zu Lasauvage nach Minett ofgebaut ginn ass. 

© Minett UNESCO Biosphere

Eise Quiz: 

Um Minett Trail sinn Zielstatiounen installéiert, déi d’Wanderer automatesch erfaassen. Eng dovunner steet am Ellergronn. Wéi vill Leit am leschte Joer (also 2022) am Ellergronn iwwert de Minett Trail gaange sinn? 

  • 8.523 
  • 155.874 
  • 297.103 

 

Zu Lasauvage ass och esou e Compteur installéiert ginn an hei sinn tëscht dem 1.1. an dem 31.12.2022 ronn 28000 Wanderer um Minett Trail 2022 gezielt ginn. 

Wou kënnt den Numm “Lasauvage” hier?   

  • E geet op d’ Legend vun der wëller Fra zeréck 
  • vun der Baach, déi duerch Duerf fléisst 
  • vun de Wëllef, déi am Lasauvager Bësch gelieft hunn 

 

Linke bei d’Sujeten vun dëser Episod: 

 

De Podcast gëtt realiséiert mat der Ënnerstëtzung vun:

Kontaktéiert eis:

+352 26 17 97 1