Zesummen hu véier Primärschoulsklassen vum Cycle 4 aus de Gemengen Diddeleng, Schëffleng, Suessem an Esch-Uelzecht hunn d’lescht Woch an den Naturschutzgebitter Haard a Giele Botter ugefaangen en Outdoor Escape Game mat z’entwéckelen. Vum Hierscht u sinn d’Spiller disponibel fir d’Schoulen aus der Minett UNESCO Biosphere.
D’Kanner aus deenen ënnerschiddleche Klassen hunn déi fréier Dagebaugebitter besicht a goufen hei vun Experten aus de Beräicher Natur, Geologie a Geschicht an engem Mediateur, deen extra fir d’Kreatioun vum Spill aus Frankräich ugereest war, begleet. Si kruten en Abléck an d’Wichtegkeet vun der Biodiversitéit an eisen Naturschutzgebidder, goufe méi gewuer iwwert déi vergaange Biergbauaktivitéiten am Süde vu Lëtzebuerg a kruten erkläert wéi d‘Eisenäerz sech an eiser Regioun oflagere konnt.
Co-Kreatioun um Terrain
Duerno war et un de Schülerinnen a Schüler, hirer Fantasie fräie Laf ze loossen an eng spannend Geschicht z’erfannen an där eng Rei Personnagen, déi de Kanner virdrunner als Inspiratioun gewise goufen, matspillen. An den nächste Woche wäerten déi franséisch Experten, déi scho méi ewéi een Escape Game an ënnerschiddleche Plazen entwéckelt hunn, d’Virgabe vun de Kanner zu engem spannenden an interessanten Escape Game weiderentwéckelen.
D’Zil vun dëse Spiller, déi fir zwou vun de sechs Kärzone vun eisem Biosphärereservat designt ginn, ass et dem Léierpersonal d’Méiglechkeet ze gi mat hire Klassen op d’Haard oder an de Giele Botter ze goen an de Kanner do op eng spilleresch an awer pedagogesch Manéier Wëssen iwwer eis Regioun, hir Besonneschkeeten a hiren natierleche Räichtum ze vermëttelen.
An der nächster Etapp vun der Entwécklung vun den zwee Outdoor Escape Games wäerten déi véier Schoulklassen d’Prototypen vun de Spiller, déi no hirem Input erstallt ginn, testen.
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |