Wärmepompel: Eng ekologesch an accessibel Solutioun Nature & More - Family Day - 18.05.25 - En Dag an der Natur vum Ellergronn
arrow
quote quote

Minett Mash-Up: Christian Weis X Brillschoul

Am 36. Episod vun eisem Minett Mash-Up begéine mir dem Christian Weis an der historescher Brillschoul zu Esch-Uelzecht. Dëst Gespréich bréngt spannend Abléck an d’Zukunft vun Esch an d’Entwécklung vun der Minett UNESCO Biosphere. Den Episod weist Esch als eng Stad am Wandel, déi hir industriell Vergaangenheet mat enger innovativer Zukunft verbënnt.

Eis „Minett-Location“ vum Mount: D’Brillschoul

D’Brillschoul ass e Monument vun der Escher Bildungsgeschicht. 1911 opgemaach, steet dëst imposant Gebai als Symbol fir d’Entwécklung vun der Stad Esch. Mat senger charakteristescher Architektur aus der Belle Époque ass d’Brillschoul net nëmmen dat eelst a gréisst Primärschoulgebai vun Esch, mee och e wichtegt Zäitzeie vun der lokaler Geschicht.

D’Schoul läit zentral tëschent dem Resistenzmusée, dem Theater an dem Ariston, direkt bei der Uelzechtstrooss am Häerz vum Quartier Brill. Iwwer Generatioune goufen hei Kanner aus alle soziale Schichten ausgebilt, wat d’Schoul fir vill Escher zu engem Symbol vun hirer Stad mécht.

Haut ass d’Brillschoul nach ëmmer e liewegen Deel vum Escher Bildungssystem. D’Gebai gouf iwwer d’Jore moderniséiert, awer den historesche Charakter gouf erhalen. D’Kombinatioun vun Traditioun an Innovatioun mécht d’Brillschoul zu enger idealer Plaz fir iwwer d’Zukunft vun Esch an eiser ganzer Regioun ze schwätzen.

Eise Gaascht: Christian Weis

De Christian Weis representéiert eng nei Generatioun vu Politiker am Süde vum Land. Als Buergermeeschter vun Esch an als President vum Gemengesyndikat PRO-SUD kombinéiert hien zwou wichteg Funktiounen. Säi politesche Wee huet 2005 ugefaangen, wou hien eng éischte Kéier bei de Gemengewalen ugetrueden ass. 2016 ass hien an de Gemengerot nogeréckelt an 2017 gouf hien offiziell gewielt.

Als fréiere Schäffen a säit annerhallwem Joer Buergermeeschter vun der zweetgréisster Stad am Land, bréngt hien eng kloer Visioun fir d’Zukunft vun Esch mat. Trotz sengem jonken Alter – hien ass 1986 gebuer – huet hien sech schonn en Numm gemaach, och an der nationaler Politik. Hien ass ewell Vizepresident vun der CSV.

An eisem Gespréich goung et awer net just ëm seng politesch Aarbecht, mee mir hunn och eng iwwert eng méi perséinlech Säit mam Christian Weis geschwat: seng Passioun fir d’Baken an d’Pâtisserie.

Als President vum PRO-SUD ass hien och eng Schlësselfigur an der Entwécklung vun der Minett UNESCO Biosphere. Ënner senger Leedung gëtt probéiert, den industriellt Ierwe vun der Regioun mat enger nohalteger Zukunft ze verbannen.

© CNCI & Minett UNESCO Biosphere

Eise Quiz

A wéi engem Joer ass d’ERA-Schwämm op der Escher Grenz zougemaach ginn?

  1. 1970
  2. 1995
  3. 2001

 

De Vëlodukt ass déi längste Vëlosbréck vun Europa, verbënnt Esch mam Belval an ass och vir Foussgänger ze benotzen. Genau wéi laang ass dës Bréck?

  1. 800 m
  2. 2,2 km
  3. 1,5 km

 

De Minett ass en Deel vum Weltreseau vun de Biosphärereservater. Wéi vill UNESCO-Biosphärereservater gëtt et dann aktuell?

  1. 198
  2. 421
  3. 759

 

Links bei d’Sujete vun dësem Episod:

 

Kontaktéiert eis:

    +352 26 17 97 1