Am Januar hu mer eisen Tour queesch duerch déi 11 Administratioune vun de Gemenge vun der Minett UNESCO Biosphere zu Beetebuerg gestart. Fir eise Februar-Podcast maache mer Statioun an der Gemeng Déifferdeng. Déifferdeng ass no Esch-Ulzecht déi zweetgréisst Gemeng vum Syndicat PRO-SUD a stellt zënter de Gemengewale vun 2023 de Vize-President vum Gemengesyndikat, dee fir d’Verwaltung vum eenzege Lëtzebuerger Biosphärereservat zoustänneg ass.
Déifferdeng, eng Stad, déi nach ëmmer eng aktiv Schmelz huet, huet, nieft zwou vun de sechs Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere, e groussen Industriepatrimoine opweises an ass Member vun europäesche Programm vun den „Net Zero Cities“, iwwert dee mer och an dësem Episod vum Minett Mash-Up schwätzen.
Eis „Minett-Location“ vum Mount: D’Kabaischen zu Lasauvage
Ee vun den éischte Projeten, déi nach wärend der Kandidatur vum Lëtzebuerger Süden, fir UNESCO-Biosphär ze ginn, lancéiert gouf, war de Projet vum Minett Trail a senge Kabaisercher. Mat der Kreatioun vum Biosphärereservat ass en 90 Kilometer laange Wanderwee duerch déi 11 Südgemengen entstanen an all Gemeng huet ee Gîte, genannt Kabaischen, amenagéiert, fir esou den nohaltegen Tourismus am Minett unzekuerbelen.
Fir den aktuellen Episod vum Minett Mash-Up si mer zu Lasauvage an de Gîte gaangen. Dëst ass en aalt Haus an deem fréier Mineure gewunnt hunn a wat zu enger Lodge mat 7 Schlofplazen ëmgebaut ginn ass. Besonnesch spektakulär sinn déi zwou Fresken, déi am Kader vun der Transformatioun vun deem alen Haus realiséiert goufen. Eng Fresk weist d’Legend vun der „wëller Fra“, no där d’Duerf Lasauvage benannt ginn ass, an déi aner d’Liewen am Duerf, wat iwwer 100 Joer laang ee vun den Zentre vum Lëtzebuerger Biergbau war.
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
© CNCI / Pascal Plein
Eis Gäscht: Guy Altmeisch & Erny Muller
Fir déi zweet Visit bei de Politiker aus den 11 Gemenge vun der Minett Biosphär hate mer mat Déifferdenger Buergermeeschter Guy Altmeisch a mam PRO-SUD Vizepresident Erny Muller op en Neits zwee Gäscht.
De Guy Altmeisch ass zënter dem Hierscht 2023 Buergermeeschter vun Déifferdeng. Mam fréiere Polizistin hu mer iwwert säi Wee an d’Politik an d’Gemeinsamkeeten tëscht der Aarbecht als Gemengepapp an als Polizist geschwat. E weidere Sujet am Gespréich mam Déifferdenger Buergermeeschter war säi jorelaangen Engagement an der Nowuessaarbecht vum gréisste Fussballsveräin aus senger Gemeng.
Mam Erny Muller hu mer iwwert seng iwwer 25 Joer als Lokalpolitiker geschwat. Aner Sujete waren d‘“Net Zero Cities“, seng Aarbecht als Elektroingenieur an der Déifferdenger Schmelz an d’Konzept vum Quartierspark, wat him besonnesch um Häerz läit.
Eise Quiz:
Wéi dacks fiert d’Sonndes d’Linn 6 vum TICE, déi Lasauvage mam Recht vun der Gemeng Déifferdeng verbënnt?
- All hallef Stonn
- All Stonn
- All zwou Stonnen
Am November 1981 ass mat der Minière Thillebierg, déi lescht Minn zu Lëtzebuerg zougemaach ginn. Ma wéini hunn se um Thillebierg ugefaange Minett ofzebauen?
- 1865
- 1900
- 1855
Zu Uewerkuer entspréngt d‘Kor (fr.: Chiers, de.: Korn). Wéi héich läit d‘Quell vum eenzege gréissere Lëtzebuerger Flosssystem, deen an d’Meuse an net an de Rhäin fléisst?
- op 312m
- op 352m
- op 392m
Links bei d‘Sujete vun dësem Episod:
- Syndicat PRO-SUD: Gemengesyndikat, deen d’Minett UNESCO Biosphere geréiert
- Lasauvage: Uertschaft vun der Gemeng Déifferdeng
- Blues Express: Museksfestival am Fond-de-Gras an zu Lasauvage
- TICE Linn 6: Buslinn déi Lasauvage mam Recht vun der Gemeng Déifferdeng verbënnt
- Minièresbunn Doihl: Historesch Eisebunn, déi duerch déi al Minière Doihl aus dem Fond-de-Gras op Lasauvage fiert
- Kabaischen Lasauvage: Eng vun 11 Lodgen laanscht de Minett Trail
- Minett Trail: 90 Kilometer laange Wanderwee duerch déi 11 Gemeng vun der Minett UNESCO Biosphere
- Fond-de-Gras: Plaz, wou fréier Minett ofgebaut gouf an déi haut e Fräiliichtmusée ass
- Comte Fernand de Saintignon: franséischen Industriellen, deen aus Lasauvage dat Duerf gemaach huet, wat et haut ass
- Eglise Ste. Barbe: fréier Kierch vu Lasauvage, déi haut eng Plaz fir kulturell Renconteren ass
- Minière Thillenberg: gréisste Minn vu Lëtzebuerg, wou bis de 27.11.1981 nach Minett aus dem Buedem geholl ginn ass
- Stade du Thillenberg: historesche Fussballsterrain, deen ënner Denkmalschutz steet
- 1535° Creative Hub: fréieren Atelier vun der Déifferdenger Schmelz an deem haut iwwer 500 Leit aus der Kreativindustrie schaffen
- Asca Rampini: bekannten Déifferdenger Museker, Dirigent a Komponist mat italieenesche Wuerzelen
- Plateau du Funiculaire: neien Déifferdenger Quartier, deen op eng industrieller Friche entstanen ass
- Parc de la Chiers: Park laanscht de Quartier vum « Plateau du Funiclaire » an deem de Floss Kor renaturéiert gouf
- Parc Dune: Park am Zentrum vun Déifferdeng, dee ronderëm d’Déifferdenger Schlass geet
- Korsprong: Quell vun der Kor, deem eenzeg Lëtzebuerger Floss, deen an d’Meuse fléisst
- Gaalgebierg: Spill- an Erhuelungsplaz op der Kopp tëscht Uewerkuer a Bieles
- Net Zero Cities: EU-Initiative mat där 100 Stied aus ganz Europa bis 2030 sollen CO2-neutral ginn
Kontaktéiert eis:
![]() |
![]() |
![]() |