Sujet: Liichtverschmotzung
Den Dënschdeg, 17. Mee um 12:00 Auer, invitéieren d’Minett UNESCO Biosphere an IMS Luxembourg op eng Konferenz ronderëm d’Reduktioun vun der Liichtverschmotzung an der Nuecht. Dëse Workshop ass an der Industriezon Krakelshaff zu Beetebuerg, wat eng vun deene Plaze mat der hellster Nuetsbeliichtung an eisem ganze Biosphärereservat ass.
Am Virfeld vun dëser Konferenz, fir déi IMS Luxembourg all seng Memberen invitéiert, hu mir mam David Gliedner, Liichtberoder am Naturpark Our, geschwat. Hie schafft zënter Joren dorunner d’Liichtverschmotzung ze reduzéieren an erkläert, datt dës Pollutioun verschidde Facetten huet, ugefaange mat Liichtemissiounen. Hei kann ee vun ze vill Luucht, déi benotzt gëtt, schwätzen. Et kënnen awer och Liichtquelle sinn, déi op falsche Plaze benotzt ginn, déi ze hell sinn an et Luucht sinn, déi falsch ofgestraalt gëtt.
Esou kënne Plaze beliicht ginn, déi u sech sollen däischter bleiwen. Doduerch verschwënnt de Stärenhimmel an d’Biodiversitéit ka beanträchtegt ginn. Liichtverschmotzung kann esouguer en direkten Afloss op d’Gesondheet vum Mënsch hunn.
LED-Technik huet d’Liichtverschmotzung gesteigert
An de leschte Joren huet de Phenomen vun der Liichtverschmotzung zougeholl. Duerch de Fortschrëtt an de Beliichtungstechnologien, déi et erlabe mat manner Energie méi Hellegkeet ze produzéieren, gëtt et een ëmmer méi staarke Rebound-Effekt. Amplaz d’Käschte fir d’Beliichtung ze reduzéieren, gëtt fir déi selwecht Käschten einfach nach méi nuets beliicht.
Dëse Rebound-Effekt ass allerdéngs manner uerg bei der Stroossebeliichtung. Nei Luuchte laanscht d’Stroossen oder Luuchtinstallatiounen, déi vun der ëffentlecher Hand installéiert ginn, sinn haut dacks manner hell a virun allem si se dacks zilgeriicht, esou wéineg Luucht falsch ofgestraalt gëtt. Enn Abrëll hunn d’Regierung an d’Gemeng Klierf an deem Kontext e “Memorandum of Understanding” ënnerschriwwen. Zil vun dësem Accord ass et, zesumme mat Administratiounen ewéi de “Ponts et chaussées”, de “Bâtiments publics” an der Eisebunn, “d’Liichtverschmotzung ze reduzéieren an eng besser Beliichtung um Territoire vun der Gemeng Klierf ‘ënnerstëtzen” – an doriwwer eraus och de Stroumverbrauch ze reduzéieren. Dëse “Memorandum of Understanding” hëlleft, géint d’Liichtverschmotzung duerch déi ëffentlech Hand virzegoen.
Nuets: 90% vun der Beliichtung iwwerflësseg
Gutt zwee Drëttel vun alle Liichtemissioune ginn allerdéngs duerch Betriber a vu Privatpersoune verursaacht. Hei gesäit de Liichtberoder Daniel Gliedner nach Handlungsbedarf. Fir unzefänke muss een awer emol op de Probleem opmierksam maachen, esou de Gliedner, de Betriber d’Konsequenzen dovunner weisen an da kann ee Weeër analyséieren a realiséieren, fir mat manner Luucht geziilt Hellegkeet op déi Plazen ze kréien, wou se gebraucht gëtt an esou och Suen ze spueren.
De Virdeel vun der Liichtverschmotzung, par Rapport zu aneren Zorte vun Ëmweltverschmotzung, ass deen, datt se fort ass, wann d’Luuchte bis ausgeschalt ginn. Al Industriesitten ze sanéieren oder de Plastik aus de Weltmierer ze botze sinn dogéint Mammutaufgaben, déi dobäi och nach deier sinn. Bei der Bekämpfung vun der Liichtverschmotzung ass den Effet direkt ze gesinn. Dacks geet et schonn duer, wann een d’Ausriichtung vun de Luuchte verbessert.
D’Installatioun vu Beweegungsmelder, mat deene Luuchten nuets gesteiert ginn, bitt dann och en enormt Spuerpotential fir Stéit a Betriber. E Beispill duerfir ass eng kleng Strooss bei e Bauerenhaff an der Géigend vu Veianen, am Norde vum Land. Esou konnten hei d’Unzuel vu Stonnen, déi dës Streck nuets beliicht ass, vu 4800 op ënner 400 am Joer reduzéiert ginn – eng Mesure, déi villen nuetsaktiven Insekten ze Gutts kënnt.
Foto vum Faruk Tokluoğlu op www.pexels.com
Um Programm vun der Konferenz
Nieft dem Daniel Gliedner, dem Liichtberoder vum Naturpark Our, sinn, den Dënschdeg, 17. Mee um 12:00 Auer, nach zwee aner Riedner bei der Konferenz dobäi: d’Simona Sandu vun der Asbl TNT (Territoire Naturel Transfrontalier) an den Tiago De Sousa vun der Naturverwaltung.
Lass geet d’Konferenz mat Informatioune vun der Simona Sandu iwwert d’Liichtverschmotzung. De Tiago De Sousa analyséiert d’Konsequenze vun ze vill Luucht op déi lokal Fliedermauszorten an den Daniel Gliedner erkläert technesch Solutiounen, déi séier an ouni grousse Käschtenopwand kënnen ëmgesat ginn an hie gëtt Tuyaue fir Betriber, déi plangen hir Baussebeliichtung z’erneieren, fir mat manner Energie d’Enceinte vun der Entreprise besser hell ze kréien.
Iwwert dëse Link kann ee sech direkt bei IMS Luxembourg umellen. All Employé, deem säi Betrib Member bei IMS ass, ass häerzlech wëllkomm.