ℹ️ Wärmepompel - Eng ekologesch an accessibel Solutioun 🚶 MINETT TRAIL - 90 km fir eist Biosphärereservat z'entdecken 🍒 Tutti Frutti - Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

Jonker erreechen: D’Resultater vum Projet mat der EIGT

No de strukturéierten Aktivitéite vum Fréijoer hunn d’Schüler am Juni selbstänneg musse schaffen: Si hunn sech a véier Gruppen opgedeelt, fir hir Projeten am Kader vun der Sensibiliséierungscampagne ze realiséieren.

All Grupp huet dobäi op en anere Medium zeréckgegraff, fir esou en aneren Aspekt vun der Minett UNESCO Biosphere ze beliichten an hir Kreativitéit an hiert Engagement fir den Naturschutz ënner Beweis ze stellen.

Video iwwer d’Zwergfliedermaus

Ee Grupp vu Schüler aus der École Internationale Gaston Thorn huet e Video iwwer d’Zwergfliedermaus produzéiert, deen am Naturschutzgebitt Ellergronn gedréint ginn ass. En ënnersträicht d’Bedeitung vum Erhale vun den ale Minne-Galerien als Wanterquartéier fir d’Fliedermais, presentéiert hir Fäegkeeten sech duerch Echolocatioun z’orientéiert a weist de Liewenszyklus vun dëser Fliedermausaart.

Podcast iwwer d’Bëschléierchen

En anere Grupp huet mam Jan Herr, dem Coordinateur vum Natura-2000-Gebitt „Minetter Dagebaugebidder“, zesumme geschafft, fir e Podcast iwwer d’Bëschléierchen opzehuelen. Well et zu Lëtzebuerg manner ewéi 4o Koppele ginn, déi bréien, gouf an dësem Podcast de melodesche Gesang an d’Brutverhale vun der Bëschléierchen thematiséiert, fir esou e Bewosstsi fir déi néideg Schutzmesuren op Sitte wéi dem Lallengerbierg ze schafen.

 

Posteren iwwer Fliedermais an Orchideeën

Déi zwee aner Gruppen hunn all Kéier e Plakat designt: Dat eent befaasst sech mat de Fliedermais, déi an der Minett UNESCO Biosphere doheem sinn an hirem Verhalen, dat anert mat den Orchideeën aus der Regioun, hiren ekologeschen Ofhängegkeeten a weist rar Zorten ewéi d’Beien-Aperhoerorchidee.

 

Dës Projete weisen, datt d’Schülerinnen a Schüler den Enjeu fir Froe vun der biologescher Villfalt erkennen an hir Kompetenzen, komplex Iddien am deem Kader mat Hëllef vu verschiddene Medien ze vermëttelen. Mat hiren Aarbechten erreechen si verschidden Zilgruppen a kënne de Message vum Naturschutz bannent a bausst hirer schoulescher Communautéit verbreeden.

Kompletten Iwwerbléck vun dësem MiNELL-Projet

Klickt op dëse Link, fir all d’Detailler vun der Zesummenaarbecht tëscht der Minett UNESCO Biosphere an der Ecole Internationale Gaston Thorn gewuer ze ginn.