🏞 Unesco Geodiversity Day 2025 - Entdeckt eis geologesch Villfalt 🚶 MINETT TRAIL - 90 km fir eist Biosphärereservat z'entdecken 🍒 Tutti Frutti - Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

Gratis Concert: Le Vibe a Culture The Kid

Samschdeg 23. Abrëll 2022 – 20h30 – Aalt Stadhaus (Déifferdeng)

Fir der Minett UNESCO Biosphere hiren éischte Jugendforum ze feieren, huet d’Beyouthsphere nach e spezielle Bonbon fir iech preparéiert! Den Owend vum 23. Abrëll proposéiere mir Iech e gratis Concert vun den iwweraus talentéierte Museker Le Vibe a Culture the Kid!

Hei kritt dir är Ticketen!

Le Vibe

D’7-Mann-a-Fra-Reggae-Band, Le Vibe, an de Rapper, Culture the Kid, schloe Wellen zu Lëtzebuerg zënter si en Deel vun der Musekszeen gi sinn. Béid suerge fir eng frësch, funky an divers Mëschung vu Kläng a Melodien, an hir Texter hunn e nodenklechen a iwwerluechtene Message, dee souwuel Kierper ewéi Geescht stimuléiert. Dëst mécht aus hinnen eng wierklech perfekt Ergänzung zu den Theme vun der Beyouthsphere an definitiv e Concert, deen Dir net verpasse sollt!

Wärend d’Grënner vu Le Vibe am Ufank vir haten, fir eng Ska-Band ze grënnen, war et kloer nodeems hir musikalesch Famill gebuer gouf, datt si duerfir bestëmmt waren och d’Kläng vu Reggae ze ëmäermelen. No hirer éischter Performance am Joer 2018 hu si ganz séier u Popularitéit gewonnen! D’Band huet hiren Debutalbum ‘Day One’ am Joer 2019 erausbruecht an, an der Linn vun hirem eenzegaartege Genre vu smooth roots Reggae Kläng, ass viru kuerzem hiren zweeten Album ‘Day Two’ erauskomm. Dësen ass esouguer op Vinyl ze kréien!

Culture the Kid

Culture the Kid (A.k.a Mattheo Griz Wolff) gehéiert och zu der jonker Lëtzebuergescher Musekszeen. D’Musek huet de Kënschtler säi Liewe laang begleet a scho mat 13 Joer huet de Mattheo op ville Bühnen zu Lëtzebuerg éischt Optrëtter gehat. Et war 2020, wéi Culture the Kid de Rocklab Rap ‘Qwest Freestyle Challenge’ gewonnen huet an domat d’Geleeënheet hat seng éischt Single opzehuelen, déi him direkt zum groussen Duerchbroch verhollef huet. D’Single “Glass Walls” koum an den Eldo-Chartbreaker, hien huet sech en Numm gemaachan de Rescht, wéi se soen, ass Geschicht!

Dësen eenzegaartege Concert, mat Reggae a Rap Kläng, ass gratis an op fir jiddereen, sou datt jiddereen d’Méiglechkeet huet, nieft eise jonke Participanten, en Deel vum éischte Jugendforum vun der Minett UNESCO Biosphere ze sinn.

Är gratis Tickete kënnt dir mat enger Mail un info@stadhaus.lu bestellen. Denkt just drun, unzegi wéi vill Tickete mir fir iech solle reservéieren.