Vu muer Freideg bis e Sonndeg den Owend organiséieren déi 3 Naturparken (Our, Öewersauer a Mëllerdall) zesumme mat der Gemeng Käerjeng an der Minett UNESCO Biosphere de Festival „Au Goût du Terroir“ zu Käerjeng.
De Rendezvous ass op zwou Plazen. Een Deel vum Festival ass am Käerjenger Treff an deen aneren Deel an der Brauerei. Déi zwou Locations ginn, de ganze Festival duerch, iwwert eng Navette matenee verbonnen an dës Navette fiert och op zwou Parkplazen, wou genuch Plaz ass fir all d’Autoen ze parken.
Donieft fueren och all d’RGTR an TICE-Buslinnen de ganze Weekend iwwer normal a bidde gutt Verbindunge fir op de „Au Goût du Terroir“ ze kommen.
AUSSTELLER AUS DER REGIOUN
D’Produzenten aus der Regioun an dem Recht vum Land maachen d’Majoritéit vun den Exposanten aus a bréngen natierlech och hir Produite mat. De ganze Weekend kënnt dir esou Uebst a Geméis, Kéis, Fleesch a Produiten, déi heirauser gemaach ginn, entdecken a schmaachen.
Am ganzen 72 Stänn erwaarden iech op deenen zwee Sitten. Hei fannt Dir de geneeë Plang wéi e Produzent wou ze fannen ass.
AUSSTELLER AUS ANERE LÄNNER
Nieft den Aussteller aus dem Minett, sengen Nopeschgemengen, den dräi Naturparken an dem Recht vum Grand-Duché fannen och eng Rei Exposanten aus anere Länner dee Wee op Käerjeng fir bei dësem Evenement kënnen dobäi ze sinn.
Et sinn dëst Produzenten aus eisen dräi Nopeschlänner, der Belsch, Däitschland a Frankräich, mä awer och aus Naturparken a Modellregiounen aus Spuenien, Italien a Polen.
WORKSHOPPEN
Nieft den Exposanten erwaarden iech och net manner ewéi 27 Atelieren a Workshoppen. De Programm geet hei vu Showcooking, iwwer Tasting bis bei Erzielateliere fir Kanner an Ant-Gaspi-Workshops fir konkret géint d’Verbëtze vu Liewensmëttel virzegoen.
Nach kënnt Dir Iech fir dës Atelieren aschreiwen. Déi komplett Lëscht ass um offizielle Site vum Evenement disponibel.
HORAIREN
Den „Au Goût du Terroir“ ass e Freideg vu 16:00 bis 21:00 Auer, e Samschdeg ass e vun 11:00 bis 19:00 Auer an um Sonndeg erwaarden d’Exposanten iech vun 11:00 bis 18:00 Auer.