ℹ️ Wärmepompel - Eng ekologesch an accessibel Solutioun 🚶 MINETT TRAIL - 90 km fir eist Biosphärereservat z'entdecken 🍒 Tutti Frutti - Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

Echange mam UNESCO Geopark Mëllerdall

Um Dënschdeg, de 4. Juli, war d’Ekipp vun der Minett UNESCO Biosphere op Besuch am Natur- a Geopark Mëllerdall. Moies stoung, zesumme mat de Membere vun der Lëtzebuergescher UNESCO Kommissioun,  en Echange tëscht den zwou Regiounen, déi en UNESCO-Label hunn um Programm. Zil vun dëser Aarbechtsreunioun war et, déi zwou Strukture méi no zesummen ze bréngen, fir géigesäiteg Erfarungen auszetauschen, Iddien a Konzepter ze deelen.

© Minett UNESCO Biosphere / PRO-SUD

No der Reunioun an de Büroe vum Natur- a Geopark Mëllerdall stoung eng Visitt vun der Expo vum UNESCO Geopark zu Beefort am Programm. Am Nomëtteg krut d’Ekipp vun der Minett UNESCO Biosphere dunn zu Bäerdref nach e klengen Abléck an de geologesche Räichtum vum Mëllerdall. Weider reegelméisseg Echangen tëscht den zwou Strukture si geplangt.