Wärmepompel: Eng ekologesch an accessibel Solutioun Nature & More - Family Day - 18.05.25 - En Dag an der Natur vum Ellergronn
arrow
quote quote

Déi spannend Vullewelt vum Minett

Leschte Weekend stoung d’Vullewelt vun der Minett UNESCO Biosphere am Mëttelpunkt vun zwee Atelieren, déi mir am Kader vun eisem MiNELL – Minett Natur an Ëmwelt LéierLab organiséiert hunn. Béid Atelieren hu gewisen, wéi positiv sech konkret Naturschutzmesuren op déi lokal Biodiversitéit auswierken.

De Schëfflenger Brill: E Naturparadäis fir Vigel

Um Samschdeg huet e Grupp vu 15 Leit bei beschtem Wieder d’Fiichtgebitt vum Schëfflenger Brill mat senger diverser Vullewelt entdeckt.

No enger kuerzer Begréissung goufen d’Participanten iwwer déi wëssenschaftlech Bedeitung an d’Prozedur vun der Vulleberéngung informéiert. Duerno haten se d’Méiglechkeet, un enger Beréngung deelzehuelen an déi verschidde Vullenaarten, wéi den Heckeschlëffer (Prunella modularis), de schwaarze Graatsch (Sylvia atricapilla) oder de grénge Fénk (Carduelis chloris) vu ganz no z’observéieren a hir Eegenaarten ze studéieren.

© Martine Fisch / Instagram: @tine_snaps

Bei engem klengen Trëppeltour sinn d’Participante gewuer ginn, wéi de Schëfflenger Brill duerch d’Renaturéierung vun der Uelzecht zu engem Naturschutzgebitt tëscht de Uertschaften Esch-Uelzecht, Schëffleng a Féiz gouf. Dëst Naturschutzgebitt ass net just e Quartéier an eng Plaz, fir ze bréien, fir vill Vullenaarten, mee och e Liewensraum fir eng grouss Unzuel vun aneren Déieren a Planzen, wéi z. B. Päiperleken, Fiiss a Kaweechelcher. Dobäi kënnt, datt et och eng Plaz ass, wou de Mënsch sech entspane kann.

Um Séi “Am Pudel” hunn d’Participante mat Spektive verschidde Vullenaarten an aner Déieren observéiert. Och wann de Séi tëscht enger Strooss an enger Fabrick läit, gesäit een hei, datt duerch de Schutz vun dësem Gebitt e wäertvolle Liewensraum fir Flora a Fauna entstanen ass. Als Ganzt ass den Schëfflenger Brill e beandrockend Beispill duerfir, wéi Mënsch an Natur respektvoll matenee liewe kënnen.

© Minett UNESCO Biosphere

Lallengerbierg: Op de Spuere vun der Bëschléierchen

D’Bëschléierchen (Lullula arborea) ass eng typesch Aart vun de fréieren Dagebaugebidder am Minett. Dëse klengen Zuchvull kann een hei tëscht Mäerz an Enn Juli fannen. En huet eng Preferenz fir oppen an hell Liewensräim, déi nom Enn vum Dagebau an eisem Biosphärereservat entstane sinn. An dëse Gebitter bréit d’Bëschléierchen direkt um Buedem. Duerch konkret Schutzmesuren ass hire Bestand vun 18 Koppelen am Joer 2018 op elo 28 Koppelen, déi am Minett bréie geklomm. Nieft dem Schafe vun Naturschutzgebidder profitéiert de Bestand vun der Bëschléierchen och vun zousätzleche Moossnamen an de Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere fir hir Bruttgebidder z’erhalen. Dës Mesuren, déi e groussen Erfolleg fir de Schutz vun der lokaler Biodiversitéit sinn, kruten d’Participanten um Atelier gewisen!

Déi onscheinbar a gutt getarnte Bëschléierchen ass dacks schwéier ze observéieren. Mee um Sonndeg haten déi Interesséiert, déi op de Lallengerbierg komm waren, d’Gléck, hire melodesche Gesang ze héieren. D’Männercher, déi héich um Himmel stinn, hunn e ganz besonnesche Gesang – eng vun de beschte Méiglechkeeten, hir Presence festzestellen.

© Minett UNESCO Biosphere

Wärend der Aktivitéit huet de Responsabele vun den  Natura-2000-Zonen “Minetter Dagebaugebidder”, Jan Herr, säi Wëssen a seng Aarbecht fir den Naturschutz mat de Participante gedeelt. Säin Engagement mécht et méiglech, datt Aarte wéi d’Bëschléierchen déi passend Liewensräim fir hir Fortplanzung fanne kënnen. Wärend der Zäit wou dëse klenge Villche bréit, gëtt et en einfache Geste, fir dës sensibel Vigel net ze stéieren an hire Brutterfolleg ze sécheren: den Hond un der Léngt ze halen, wann een an déi al Dagebaugebidder spadséiere geet. Eent vun den zentralen Elementer vun dëser Wanderung duerch d’Naturschutzgebitt Lallengerbierg war et, ze weisen, wéi wichteg et ass, Liewensräim als Réckzuchsgebidder fir Déieren ze erhalen.

Nächste Weekend: Den eegene Gaart vullegerecht gestalten

Zum Ofschloss vun eise Workshops ronderëm d’Vullewelt, invitéiere mir nächste Samschdeg, de 5. Abrëll, all d’Besëtzer vun engem Gaart um Territoire vun eiser Biosphär op en Atelier an den Ëmwelt- a Bildungzentrum Matgesfeld zu Bieles. Experte vun der Stëftung “natur an ëmwelt” ginn hei praktesch Tipps, wéi een ouni groussen Opwand deen eegene Gaart esou ëmgestalte kann, datt en deen heemesche Vullenaarten eng besser Liewensgrondlag bitt.

Fir dëse gratis Workshop, deen am spéide Moien ass, sinn nach e puer Plaze fräi. Detailer fir d’Umeldung an d’Participatioun nächste Samschdeg fannt Dir hei.