Mission Zéro Carbone Minett Mash-Up: De Podcast Naturlab: Entdeckt de Minett Nature Explorer: Eis Ateliere fir Jonker
arrow
quote quote

Bäerbelendag 2023

Wéi all Joer gëtt och 2023 nees de Bäerbelendag an der Minett UNESCO Biosphere gefeiert. Mat dëser Traditioun gëtt un d’Ierwe vun de Mineuren erënnert, déi an der Helleger Bäerbel hir Schutzpatréinesch gesinn hunn. Nieft de Biergleit gëtt d’Bäerbel awer och vun den Architekten, Geologen, Mathematiker a Pompjeeën als Patréinesch veréiert.

Den 1. Dezember 2022 ass dës Traditioun an den nationalen Inventaire vum immaterielle Patrimoine vun der UNESCO opgeholl ginn an d‘Kandidatur fir eng international Unerkennung, ënnert der Leedung vun der polnescher UNESCO-Kommissioun, ass an d’Weeër geleet ginn a kéint schonn 2024 deposéiert a validéiert ginn.

A ville Gemengen aus dem Süde vu Lëtzebuerg gëtt déi helleg Bäerbel an den Deeg ronderëm de 4. Dezember geéiert.

© Commune de Pétange
© Ville d’Esch-sur-Alzette / Emile Hengen
© DKollektiv

Hei e klengen Iwwerbléck iwwert d’Festivitéiten an den eenzele Uertschaften:

Rodange

Optakt vun der Feierlechkeeten ass dëse Samschdeg, den 2. Dezember um 16:30 an der Gemeng Péiteng.

Lass geet d’Zeremonie bei der Kapell vun der helleger Bäerbel am Park Hary Godefroy zu Rodange lass. Duerno geet de Cortège mat der Statue vun der Helleger a Richtung vun der Rodanger Kierch, wou eng Mass gelies gëtt, éier de Schäfferot vun der Gemeng Péiteng, deen dës Feier mat der „Amicale des pompiers du Centre d’Incendie et de Secours Pétange“ an dem „Arbechter Ënnerstëtzungsverein Rodange“ organiséiert, nach e Patt offréiert.

Rëmeleng

Zu Rëmeleng gëtt Bäerbelendag traditionell an a ronderëm de „Musée des Mines“ begaangen. De Cortège start hei, de Méindeg, de 4. Dezember um 9:30 an der rue du Parc a geet bei de Musée, wou eng Gedenkzeremonie ass an d’Mass duerno an der Galerie vum Minnemusée vum Weibëschof Léon Wagener gehale gëtt.  

Käl-Téiteng

Zënter 1954 organiséiert de „Comité Sainte Barbe Téiteng“ all 4. Dezember den traditionelle Boarbelendag zu Éiere vun der Schutzpatréinerin vun deene Leit, déi der geféierlecher Aarbecht an de Galerien hei am Minett nogaange sinn.

D’Gemeng Käl an de Comité Sainte Barbe invitéieren all hir Matbierger, un dëser Traditioun, déi eng grouss Symbolkraaft fir eise Minett huet, deelzehuelen.

Zum Gedenken un déi verstuerwe Mineure ginn dëse Méindeg um 8:00 an um 10:00 Auer um Hesselsbierg Böllerschëss (Gaskanounen) ofgeschoss.  Den offizielle Programm start de Méindeg, de 4. Dezember um 9:45 an der Schungfabrik zu Téiteng. Vun eis aus geet de Cortège fort. Um Graf vun engem verstuerwene Mineur gi Blummen néiergeluecht, éier eng Mass gefeiert gëtt an d’Gemeng um 11:15 en Éierewäin am Téitenger Centre Culturel offréiert.

Owes ass dann och nach e Volleksfest zu Éiere vun der helleger Bäerbel. Dës Feierlechkeete starten um 19:30 am Restaurant CA Jangada an Hussen“.

Esch-Uelzecht

De 4. Dezember feiert och d’Stad Esch, d’Traditioun vun der Helleger Bäerbel, der Patréinesch vun de Mineuren a Pompjeeën. Wéi d‘Traditioun et wëllt ginn dëse Méindeg, de 4. Dezember kuerz um 11:00 Knupperte geschoss, fir dëse speziellen Dag am Häerz vun der Minettmetropol ze markéieren. De Cortège duerch den Zentrum vun Esch ass uschléissend an nom Depot vun zwou Gerbë, beim Monument aux Mort an dem Monument du Mineur invitéiert d’Stad Esch am Stadhaus op en Éierewäin.

Diddeleng

Nodeems an de leschte Joer Bäerbelendag zu Diddeleng net méi esou richteg gefeiert ginn ass, huet den DKollektiv wëlles dat elo nees ze änneren an invitéiert de Méindeg, 4. Dezember, vu 17:00 Auer un op déi éischt Editioun vun hirer Bäerbelefeier, déi si zesumme mat Partnerorganisatiounen, wéi der Amicale vun den Diddelenger Pompjeeën, dem Ferro Forum oder och nach dem IK-CNCI organiséieren.

Hei ass de Programm, deen iech zu Diddeleng erwaart:

  • 17:00 Rassemblement um Parking vum CCRA Opderschmelz / CNA
  • 17:30 Depart Cortège bei der “Porte d’Italie” (Rue Tattebierg beim Haus Nr. 6)
  • 17:50 Tëschestopp beim fréiere Portal vun der Agglomierung mam Ofschéisse vun de Coups de mine (Schëss) an dem Devoilement vun enger Gossener Gedenkplack, déi un d’Minnenaktivitéit zu Diddeleng erënnert
  • 18:00 Suite vum Cortège iwwer d’Stroossebréck an de Quartier Neischmelz
  • 18:30 Arrivée am VEWA fir den Apero an eng Kuuscht
  • 20:00 Konferenz „Diddelenger Geschichten“ vum Raymond Nepgen am CCRD Opderschmelz

 

Lasauvage

An der Gemeng Déifferdeng gëtt der helleger Bäerbel traditionell an der Minière zu Lasauvage geduecht.

De Rendezvous ass wéi all Joer bei der Brasserie de la Mine, wou, de Méindeg, 4. Dezember, um 19:00 Auer eng Gerbe beim Monument des Mineurs néiergeluecht gëtt. Duerno geet de Cortège mat der helleger Bäerbel an de Festsall op Lasauvage, wou d’Mass ass. Den Éierewäi gëtt et ofschléissend an der Minière Doihl, wou ee mat der Minièresbunn higefouert gëtt.

Eng Navett aus dem Zentrum vun Déifferdeng ass virgesinn.