Mission Zéro Carbone Minett Mash-Up: De Podcast Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten
arrow
quote quote

Altenhoven: De gréisste Bongert vum Land

De 25. September proposéiere mir Iech eng gratis „Visite guidée“ duerch dee gréisste Bongert a ganz Lëtzebuerg mat sengen 1200 Uebstbeem.

De Bongert Altenhoven um Geoportail

De Bongert Altenhoven zu Beetebuerg ass net just eent vun den Naturschutzgebitter an der Minett UNESCO Biosphere, et ass eng Pufferzon vum Biospherereservat an dee gréisste Bongert a ganz Lëtzebuerg. De 27. September proposéiere mir Iech am Kader vun eisem Naturlab eng „Visite guidée“ duerch dës eenzegarteg Natur- a Kulturlandschaft zu Lëtzebuerg. Op enger Surface vun 12,5 Hektar stinn hei ronn 1200 Uebstbeem, wat et an dëser Form op kenger anerer Plaz zu Lëtzebuerg gëtt. Dowéinst steet dee ganze Bongert, deen zënter de fréien 1990er vun natur&ëmwelt/Fondatioun Hëllef fir d’Natur ënnerhale gëtt, och zënter 1998 als Ganzt ënnert Naturschutz.

D’Geschicht vum Bongert „Um Bierg“

Den Terrain op deem een de Bongert fënnt, ass scho fréi landwirtschaftlech genotzt ginn. Laang waren et awer einfach Felder, wat sech, Recherche vum Norbert Quintus no, bis haut um Relief vum Terrain erkenne léisst.

Um Enn vum 19. Joerhonnert sinn, op enger Surface vu 5,5 Hektar, déi éischt Uebstbeem hei gesat ginn. Am Joer 1916 ass de Bongert ëm ronn 6 Hektar erweidert ginn an nodeems de Jean-Pierre Altenhoven, e Metzler vu Rëmeleng, d’Lännereien 1923 kaf hat, gouf um Site selwer och e groussen a modernen Haff gebaut. Dësen huet aus engem Wunnhaus, enger Scheier, Ställ, Lagerraim fir d’Uebst an enger Brennerei bestanen. 1925 ass mam Mirabellenhang de leschten Deel vum Bongert Altenhoven ugeluecht ginn. Bis an d‘1960 Joren ass de Bongert fir d’Produktioun vun Uebst benotzt ginn. 300 bis 500 Zenner, a gudde Joren och méi, frëscht Uebst sinn hei produzéiert ginn.

Vun den 1960er bis an déi fréi 1990 ass sech net weider ëm de Bongert bekëmmert ginn. Dat ännert sech nodeems 1991 eng ronn 200 al Äppelbeem duerch e Stuerm ëmgefall sinn. Natur&ëmwelt planzt duerno eng ronn 300 nei Uebstbeem a këmmert sech zënter hir ëm d’Fleeg vum gréisste Bongert vum Land. De Bauerenhaff, deen an den 1920er hei gebaut gi war, ass am Kader vun de Bauaarbechte vun der Diddelenger Autobunn, déi de Bongert Altenhoven no Westen ewell begrenzt, an de spéide 1970er Joren ofgerappt ginn.

De Bongert als Biotop

Duerch de Bongert Altenhoven féiert en ronn 1300 Meter laange Léierpad op deem een déi ganz Biodiversitéit vun dësem Naturschutzgebitt entdecke kann.

© Marc Weis

Op den 12,5 Hektar wuessen iwwer 80 verschidden Uebstzorten, virun allem lokal an traditionell Äppel, Bieren a Quetschen. Knapp 70 verschidde Vullenzorten, vun deenen der eng ganz Rei op der rouder Lëscht stinn, liewen hei an och eng ganz Rei Mammendéieren ewéi de Marder, de Siweschléifer oder Fliedermais.

Op der Wiss tëscht den Uebstbeem stinn am Summer Kéi, déi duerfir suergen, datt keng Hecken tëscht Beem wuessen an de “Groupe de Recherche Mycologique de la Société des Naturalistes Luxembourgeois” konnt iwwer 200 verschidde Champignonszorten am Bongert Altenhoven bestëmmen, déi op Holz virkommen an deels rar zu Lëtzebuerg sinn.

Visitt vum 25. September

De Mëttwoch, 25. September invitéiert d’Minett UNESCO Biosphere Iech de Bongert Altenhoven entdecken ze kommen. A Begleedung vum Richard Dahlem vun natur&ëmwelt, deen dësen Uebstgaart ewéi seng Paltongstäsch kennt, ginn dir méi iwwert d’Geschicht vum Bongert gewuer. De Richard Dahlem, dee Pomolog ass, wäert Iech al a seelen Äppel- a Bierenzorte weisen, déi Dir dann och op der Plaz kënnt schmaachen. D’Visitt start um 17:30 an dauert ronn 2 Stonnen.

© Commune de Bettembourg

D’Participatioun ass gratis, mellt Iech am Virfeld just bei eis un. Klickt oder scannt einfach de QR-Code hei ënnendrënner fir Iech anzeschreiwen.