Mam Hangzhou Strategic Action Plan sinn nei Prioritéiten a Perspektive fir de weltwäite Reseau vun den UNESCO Biosphären ugeholl ginn. Dës solle bis 2035 ëmgesat ginn.
Iwwer 4000 Participanten, dorënner och ee Vertrieder vun der Minett UNESCO Biosphere, waren dës Woch an der chinesescher Stad Hangzhou zesummekomm, fir hei déi nei global Strategie fir d’Entwécklung vu Biosphärereservater op der ganzer Welt unzehuelen.
Den Hangzhou Strategic Action Plan, deen d’Lima-Strategie vun 2016 ofléist, ass an de leschten 20 Méint ausgeschafft ginn. Ënnert anerem op regionale Kongresser vun UNESCO Biosphären, wéi den EuroMAB 2024, deen am Fréijoer vum leschte Joer war. Op dësem Rendezvous hunn d’Biosphären aus Europa an Nordamerika hir Prioritéite formuléiert, vun deenen der eng ganz Rei am déi nei global Strategie agefloss sinn.
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
© Minett UNESCO Biosphere
3 Objektiver fir déi nächst 10 Joer
Den Hangzhou Strategic Action Plan, deen en Donneschdeg, um leschten Dag vum 5. Weltkongress vun de Biosphärereservater ugeholl gouf, reajustéiert déi konkret Missiounen um Terrain vun den iwwer 750 UNESCO-Biosphären an iwwer 130 Länner. Mat dësem Plang ginn 3 grouss Objektiver fir den zukünftegen Developpement vun de Biosphärereservater, déi als ee vun den Haaptacteure am Kampf géint d’Biodiversitéitskrise kënnen ugesi ginn, fixéiert.
Deen éischten Objektiv ass eng Contribution maachen fir multilateral Ëmweltofkommen z’erreechen an d’Ëmsetzung vum Agenda fir nohalteg Entwécklung z’ënnerstëtzen.
Den zweeten Objektiv besteet doranner de “Man and the Biosphere”-Programm an de Weltreseau vun de Biosphärereservater ze stäerken an zousätzlech Finanzéierungen a Personal ze fannen, fir esou d’Exzellenz vum Reseau virun ze steigeren.
Den drëtten a leschten Objektiv ass d’Fuerschung ze developpéieren an d’Wëssen aus dem Beräich vun de Biosphärereservater ze deelen, fir esou eng besser Relatioun tëscht Mënsch an Natur ze schafen.
Konkret solle fir déi dräi Objektiver 34 definéiert Ziler erreecht ginn, déi dann virum nächste Weltkongress vun den UNESCO-Biosphäreresultater, deen 2035 wäert sinn, evaluéiert ginn.
De kompletten Hangzhou Strategic Action Plan
Déi englesch Versioun fannt Dir hei.
Déi franséisch Versioun fannt Dir hei.