Eng nohalteg Entwécklung vun der Regioun ënnerstëtzen
![]() |
Am Mee 2019, wou d‘Anouk Boever-Thill d’Presidence iwwerholl huet, gouf d’Kandidatur fir den UNESCO-Label “Man and the Biosphere“ finaliséiert an den 28. Oktober 2020 krut PRO-SUD d’Designatioun. D’Anouk Boever-Thill an hir Ekipp hunn den éischten Aarbechtsplang fir d’Minett UNESCO Biosphere erstallt. Dräi nei Schwéierpunkte si fir d’Aarbecht vum Gemengesyndikat entstanen: d’Valorisatioun vu lokale Produiten, Ëffentlechkeetsaarbecht op regionalem Niveau an Ëmweltpedagogik. |
De PRO-SUD hat scho méi laang mat Schoulen zesummegeschafft a gouf doranner vum FNR (Fonds National de la Recherche Luxembourg) ënnerstëtzt. Dës Promotioun vun Naturwëssenschaften an dem Schutz vun der Biodiversitéit zesumme mam breede Public an de Schoule gëtt bis haut virun assuréiert. „Mir sinn all en Deel vun dëser herrlecher Biosphär, et ass un eis se mat Liewen ze fëllen“, esou d’Anouk Boever-Thill.
![]() |
![]() |
![]() |