Wärmepompel: Eng ekologesch an accessibel Solutioun Nature & More - Family Day - 18.05.25 - En Dag an der Natur vum Ellergronn
arrow
image
Natur & Wëssenschaft

Den Zukunftsbësch

Atelier am Kader vum MiNELL - Minett Natur an Ëmwelt Léier Lab

Datum(er)

03/05/2025 10:00 - 12:00

Eis Ëmwelt verännert sech. Ëmmer méi dacks kënnt et zu extreeme Wiederlagen, d‘Temperaturen klammen an et bleift iwwer laang Perioden dréchen.

Dat belaascht eis Biodiversitéit an speziell eis Bëscher staark. Traditionnell Bamzorten aus de Minetter Bëscher si hu mat de neie Wiederkonditiounen ze kämpfen.

Bei der Aktivitéit „Den Zukunftsbësch“ gi Moossnamen zum Schutz an fir d‘Erhale vun de Bëscher, esou wéi zukunftsfäeg Bamzorten, thematiséiert.

Op enger zwou Stonne laanger Wanderung an de Bëscher vum Ellergronn gitt Dir méi iwwer Bamzorten gewuer, déi riskéieren ze verschwannen an iwwer Bamzorten, mat deenen den Ökosystem Bësch an Zukunft erhale ka ginn.

Fest Schong a dem Wieder ugepaaste Kleedung sinn erfuerderlech. D’Aschreiwung ass gratis.

Expert: Pol Zimmermann (Fierschter/ANF)

Sproochen: LU & FR

Information de contact pour cet événement

Téléphone: +352 26 17 97 1

E-mail: minell@minett-biosphere.com

Internet: https://minett-biosphere.com/

Gratis Umeldung fir dës Aktivitéit:

Hei klicken an de Formulaire ausfëllen!

Organisateur

Minett UNESCO Biosphere, CNF Ellergronn

Partager