Mission Zéro Carbone Pädagogische Aktivitäten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Obst aus Minetter Obstgärten
arrow
quote quote

Zoom MINETT

E Reesguide fir d‘Regioun

Esch2022 – Europäesch Kulturhaaptstad kënnt mat grousse Schrëtt op eis duer. A manner ewéi 100 Deeg ginn Esch-Uelzecht an d’PRO-SUD Regioun, zesumme mat den CCPHVA-Gemengen aus der franséischer Grenzregioun, eng vun den 3 europäesche Kulturhaaptstied.

Nieft enger Abberzuel u kulturelle Manifestatioune soll eis eenzegaarteg natierlech och touristesch vun dësem prestigiéisen Titel profitéieren.

© Editions Binsfeld / Esch2022

Mä wéi soll de Visiteur, deen eis Géigend net kennt, sech hei erëmfannen? Eng Äntwert op dës Fro liwwert e neie Reesguide. Zoom MINETT proposéiert e komplett Bild vun der Regioun mat all hire verschiddene Facetten. Buch weist 55 Plazen an Aktivitéiten, déi ee soll gesinn oder gemaach hunn, wann een op Besuch an de Minett kënnt.

© Editions Binsfeld / Esch2022

Ervirgehuewe gëtt och de fonkelneie Minett-Trail mat sengen 11 „Kabaisercher“, déi am Laf vum nächste Joer fir Gäscht aus der ganzer Welt hir Dieren opmaachen. Mä de Guide fokusséiert sech net just op d’Wanderen.

© Editions Binsfeld / Esch2022

Kultur a Folklor, Iessen an Drénken, Industriegeschicht an Urban Art, esou wéi déi architektonesch Bijoue vun eiser Géigend däerfen op kee Fall an dësem Guide feelen. Entstanen ass de Zoom MINETT duerch eng Zesummenaarbecht vun de Responsabele vun Esch2022 an dem Verlag „Editions Binsfeld“.

© Editions Binsfeld / Esch2022

E besonnesche Fokus läit och op der Minett UNESCO Biosphere. Zënter Oktober 2020 sinn déi 11 Gemengen aus dem Syndikat PRO-SUD zesummen en Deel vun der éischter Biosphärereserv vum Grand-Duché a gehéieren och zum weltwäiten UNESCO-Programm „Man and the Biosphere“, deen 727 Biosphärereservater an 131 Länner regruppéiert.

© Editions Binsfeld / Esch2022

Den neie Guide Zoom MINETT ass vun e Freideg un an all Librairie zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun ze fannen a kann natierlech och online kaf ginn. E kënnt op Däitsch, Englesch a Franséisch eraus a wäert net just fir Touristen, mä och fir agefleeschte Minettsdäpp, déi eng oder aner Iwwerraschung opweises hunn.