Podcast TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

Véier Deeg fir d’Biodiversitéit

Déi lescht Woch stoung fir d’Minett UNESCO Biosphere ganz am Zeeche vun der Aartevillfalt am éischte Lëtzebuergesche Biosphärereservat.

Business Day um Donneschdeg

© Yann Logelin / PRO-SUD
© Yann Logelin / PRO-SUD
© Yann Logelin / PRO-SUD

En Donneschdeg de Moie sinn eis Deeg vun der Biodiversitéit mat enger Visitt vun engen 30 Ëmweltbeoptragten aus Lëtzebuerger Entreprise lassgaangen, déi am Kader vun dräi verschiddenen Atelieren en Abléck an d’Naturschätz vum Ellergronn kruten, mä och an d’Efforten, déi d’Wëssenschaftler an déi wëssenschaftlech Mataarbechter aus dem ‘natur musée‘ leeschte fir zum Schutz an der Erhalt vu rare Planzen an Déieren zu Lëtzebuerg bäizedroen. Dësen Dag, deen d’Minett UNESCO Biosphere zesumme mam IMS Luxembourg organiséiert hat, dréit hoffentlech dozou bäi, datt de Sujet Ëmweltschutz an de Betriber vum Grand-Duché an Zukunft eng méi wichteg Roll wäert spillen.

Kids Day um Freideg

Um Freideg haten zéng Schoulklassen aus de Pro-Sud Gemenge Rendezvous bei eis am Ellergronn, wou si op eelef verschiddenen Atelieren, déi vum ‘naturmusée‘ an der Naturverwaltung organiséiert goufen, méi iwwer d‘Planzen, d‘Déieren, d‘Champignonen an och d’Geologie vun der Minett UNESCO Biosphere gewuer gi sinn.

© Yann Logelin / PRO-SUD
© Yann Logelin / PRO-SUD
© Yann Logelin / PRO-SUD

Déi iwwer 150 Schülerinnen a Schüler aus de Südgemengen hu mat Interessi a Begeeschterung en Dag an der Natur erlieft an d’Klass vum Cliff Schroeder (Cycle 3.1) vum Brill vun Diddeleng huet mat der Ouschterschell esouguer eng Blumm erëmentdeckt, déi am Gebitt vum Ellergronn zënter 1987 net méi fonnt gi war.

Science Day um Samschdeg

De Samschdeg stoung ganz am Zeeche vun engem grousse BioBlitz um Territoire vun den 11 Pro-Sud Gemengen, déi gemeinsam jo d’Minett UNESCO Biosphere ausmaachen.

Iwwer 30 wëssenschaftlech Mataarbechter vum ‘natur musée‘ hate sech moies Rendezvous am Ellergronn ginn, fir vun do aus queesch duerch dat ganzt Biosphärereservat op d’Sich no Planzen an Déieren ze goen.

© Robert Weis / naturmusée
© Robert Weis / naturmusée
© Robert Weis / naturmusée

Och wann d’Wieder net zu honnert Prozent matgespillt huet, esou sinn awer eng Rei interessant Beobachtungen am Laf vum Dag gemaach ginn, déi de Wäert vun der Minett UNESCO Biosphere fir de Schutz an Erhalt vun der Biodiversitéit zu Lëtzebuerg bestätege konnten.

Family Day um Sonndeg

Den Dag an der Natur war dunn um Sonndeg den Ofschloss vun den Deeg vun der Biodiversitéit. Zesumme mat der Stad Esch, der Naturverwaltung an anere Partner hat d’Minett UNESCO Biosphere hei op en Neits Atelieren organiséiert, déi op Inscriptioun de Famillen aus dem ganze Süden opstoungen.

© Hana Prosser / PRO-SUD
© Hana Prosser / PRO-SUD
© Hana Prosser / PRO-SUD

Iwwert de ganzen Dag haten eng ronn 800 Leit de Wee an den Ellergronn fonnt fir bei deem engen oder aneren Atelier matzemaachen oder e flotten Ament am Naturschutzgebitt direkt nieft dem Escher Stadzentrum ze verbréngen.

Am Respekt vun den aktuelle Covid-Mesuren ass d’Editioun 2021 vun den Deeg vun der Biodiversitéit e komplette Succès gewiescht an huet Loscht gemaach op eng nei Editioun, hoffentlech ouni Restriktiounen, am Joer 2022.