Zënter der leschter Schoulrentrée sinn d’Aktivitéite vum SudTEC, déi de Gemengesyndikat PRO-SUD zesumme mat diverse Partner zënter 2006 organiséiert, viru gaangen. Eng ganz Rei Klassen aus de Grondschoule vun deenen 11 Gemengen, déi am PRO-SUD regruppéiert sinn, konnten esou vun Ateliere profitéieren, déi deels dobaussen, deels an de respektive Klassesäll vun de Kanner organiséiert goufen.
Zwee vun dësen Atelieren interesséieren eis hei am Speziellen:
De CircularLAB SUD
© PRO-SUD / Lydia Pallucca
De CircularLAB SUD ass zesumme mam Partner „Positive Impakt Luxembourg“ organiséiert ginn. Direkt 5 Mol stoung dësen Atelier um Programm, esou datt 5 Klassen aus dem Süden un dëser Aktivitéit konnten deel huelen.
© PRO-SUD / Lydia Pallucca
Beim CircularLAB SUD geet et drëm déi Jonk mam Theema zirkulär Wirtschaft ze familiariséieren. Et geet, zum Beispill, drëm de Kanner ze weise wéi eng Auswierkung op Natur an Déiere Knascht kann hunn, deen op de Buedem geheit gëtt. Donieft geet an dësen Atelieren awer och drëm de Schülerinnen a Schüler op eng spilleresch Manéier den natierlechen a lineare Kreeslaf z’erklären an hinnen ze weisen, wat ee selwer maache ka fir manner Offäll ze produzéieren.
© PRO-SUD / Lydia Pallucca
Rallye Eco-Pédagogique
© PRO-SUD / Lydia Pallucca
Zesumme mam Partner SICONA stoung de 24. November dann och nach e ekologesch-pedagogesche Rallye um Programm vun zwou Klassen.
© PRO-SUD / Lydia Pallucca
Bei dëser Editioun vum Rallye huet sech alles ëm de Kéisécker gedréint. Op spilleresch Aart a Weis konnten 2 Klassen aus dem Süde villes iwwert dësen Awunner aus dem Bësch léieren.
© PRO-SUD / Lydia Pallucca
Déi ronn 30 Schülerinnen a Schüler aus dem Cycle 3.2 vu Monnerech an Diddeleng hunn am Kader vun dësem Atelier e waarmt a schnuckelegt Wanternascht fir Igele gebaut a si mat enger ganz Rei, ganz ënnerschiddlechen Aktivitéite méi iwwert de Kéisécker, säi Liewensraum a seng Liewensweis gewuer ginn.