Déi éischt Evenementer vun Esch 2022 – europäesch Kulturhaaptstad
Vun dësem Weekend un leeft de « REMIX Festival ». Bis Uganks Dezember kritt de Public e klengen Abléck an eng Rei vun interessante Projeten, déi fir 2022 developpéiert ginn, gebueden.
Vill verschidde Rendezvousen
Diskussionsronnen, Workshops an speziell Evenementer erwaarden iech fir déi éischt Facette vun engem faszinante Projet z’entdecken, deen dat anert Joer an doriwwer eraus déi kulturell a gesellschaftlech Landschaft am Süde vu Lëtzebuerg verännere wäert.
Ee spezielle Workshop heescht „Future Frequencies“ mat deem eng nei Plattform fir lokal musikalesch Newcomer geschafe gëtt a wou de Soundtrack vun Esch2022, deen den 26. Februar 2022 beim „REMIX Opening“ virgestallt gëtt.
Space Research Programme
Paralell dozou leeft an den nächsten Wochen och de „Space Research Programme“, e Concours fir Schülerinnen a Schüler an de Grondschoule vun der ganzer Esch2022-Regioun, bei deem et fir déi Jonk flott Präisser ze gewanne gëtt.
Zéckt net ze laang fir iech fir eent vun den Evenementer am Kader REMIX Festival anzeschreiwen. All d’Veranstaltunge si gratis, dir musst iech am Virfeld awer umellen.
Hei fannt dir all d’Evenementer, déi am Kader vum „Remix Festival“ organiséiert ginn.